GeorgienRussland wier fir eng "total Fälschung" vum Walresultat responsabel

RTL Lëtzebuerg
Dass eng Presidentin vun engem Land eng Parlamentswal als "vu vir bis hanne gefälscht" bezeechent, dat kënnt net all Dag vir.
Fënnef Lëtzebuerger Deputéiert als Walbeobachter a Georgien op der Plaz
D’Walobservateure vun der OSZE hunn eng Rei Irregularitéite beim Walvirgang erkannt.

Genee dat ass awer a Georgien de Fall, wou d’Salome Surabischwilli e Sonndeg den Owend wësse gedoen huet, d’Resultat vun e Samschdeg net unzëerkennen. Déi pro-europäesch Politikerin huet zu Protester fir e Méindeg opgeruff.

Russland wier hirer Meenung no fir eng “total Fälschung” vum Walresultat responsabel. Et wier eng modern Form vun engem hybride Krich géint dat georgescht Vollek. Änlech Aussoe gëtt et och vun internationale Wal-Observateuren an der Südkaukasus-Republik. D’OSZE, d’EU-Parlament an d’NATO schwätze vu Stëmmen, déi duebel ofgi goufen, a kierperlech Attacken op Wieler.

Déi pro-russesch Regierungspartei “Georgeschen Dram” huet der offizieller Wal-Kommissioun no mat 54 Prozent vun de Stëmme gewonnen. De Premier Kobachidse wëll näischt vun Irregularitéite wëssen a geheit der Oppositioun vir, déi verfassungsméisseg Uerdnung am Land wëllen ze ënnergruewen.

Back to Top
CIM LOGO