
Et gëtt anengems driwwer nogeduecht, d’Leit an en onbezuelte Congé ze schécken, d’Paien ëm bis zu 20 Prozent ze kierzen, verschidde Standuerter an Europa zouzemaachen an ze iwwerpréiwen, ob d’Commandë vun neie Fligere bäibehale ginn.
Déi iresch Bëllegfluchgesellschaft well deemnächst d’Gewerkschaften offiziell iwwert dës Pläng informéieren.
D’Gesellschaft rechent domadder, datt et am zweeten Trimester vun dësem Joer, also an de Méint Abrëll, Mee a Juni just ee Prozent vun de Flich gëtt, déi geplangt waren.
Si geet och dovunner aus, datt d’Demande vum Client sech eréischt am Summer 2022 erhëlt.
De Chef vu Ryanair huet och annoncéiert, selwer bis de Mäerz dat anert Joer op d’Hallschent vu sengem Salaire ze verzichten.
British Airways huet dës Woch schonn ugekënnegt, iwwer e Véierel vun de Plazen ze sträichen, dat sinn 12.000 Mataarbechter an d’Gesellschaft Virgin Atlantic probéiert, Hëllef vum Staat ze kréien.
Déi brittesch Regierung huet awer e Freideg en Hëllefsplang speziell fir d’Aviatioun ausgeschloss.
