
Déi venezuelanesch Oppositiounsleaderin María Corina Machado an de Presidentschaftskandidat Edmundo González Urrutia gi vum Europaparlament fir hire Kampf fir Fräiheet an Demokratie mam Sacharow-Präis ausgezeechent. De Präis ass mat 50.000 Euro dotéiert a gëtt den 18. Dezember iwwerreecht.