Guinea-BissauSchosswiessel an Doudeger bei Putschversuch

RTL Lëtzebuerg
De President huet confirméiert, datt Persoune beim Putschversuch ëmkomm sinn. Lokal Medie schwätze vu 6 Affer.
En Zaldot an der Géigend vum Palais du Gouvernement zu Bissau, der Haaptstad vum Land.
En Zaldot an der Géigend vum Palais du Gouvernement zu Bissau, der Haaptstad vum Land.
© AFP

Ronn 5 Stonnen hätt d’Schéisserei tëscht de Sécherheetsautoritéiten an den Ugräifer gedauert. De President Umar Sissoco Embalo huet vun engem “gutt preparéiert an organiséiertem Ugrëff” geschwat, dat esouwuel vun Zaldote wéi och vu Leit, déi mam Drogenhandel involvéiert sinn.

D’Land, wat 1974 vu Portugal onofhängeg gouf, war bis ewell d’Zil vun néng Putschversich a Versich, d’Regierung ze stierzen. Donieft gëllt als als wichteg Standuert am Drogenhandel, grad fir de Kokain.

Back to Top
CIM LOGO