
Fir den Neistart an de Schoule plangen déi zoustänneg Minister e Verfare vun 3 Stufen: Fir d’éischt sollen d’Klassen 1 bis 6 an de Präsensunterrecht zeréck, an der nächster Stuf soll et dann zu engem Wiesselunterrecht an den Beruffsschoulen an an de Lycéeë kommen. Eng drëtt Stuf gesäit de komplette Retour an alle Schoule vir. Ausname bleiwe weiderhin d’Ofschlossklassen, si sollen adequat op hir Prüfunge preparéiert ginn.
De Lockdown geet wuel an d’Verlängerung
Bis een an d’Stuf 2, also de Präsensunterrecht kann iwwergoen, géif awer vun de Lockerunge vum aktuelle Lockdown ofhänken. Den Ament kéint een domat éischter net rechnen.
D’Bundeskanzlerin Angela Merkel an d’Ministerpresidente vun de Bundeslänner wëllen zwar eréischt en Dënschdeg iwwer déi aktuell Mesuren decidéieren, eng Verlängerung bis Enn Januar zeechent sech awer elo schonn of.
Wéi d’Noriichtenagence dpa gemellt huet, hätt sech d’Majoritéit vun de Ministerpresidente fir eng Verlängerung bis den 31. Januar ausgeschwat, deen u sech sollt bis den 10. Januar daueren. Déi héich Infektiounszuele géingen dat net zouloossen. Et kéint een och d’Auswierkunge vun de Feierdeeg nach net aschätzen.