
Dës Informatioun huet déi schwedesch Regierung enger Zeitung en Dënschdeg dann och confirméiert. Béid Regierungen hätte sech deemno op eng gemeinsam Demande gëeenegt.
Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg hat scho virun e puer Wochen an Aussiicht gestallt, datt Finnland a Schweden wuel net laang op ee Bäitrëtt waarde missten, wa si eng Demande stelle géifen.
Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain ass d’Zoustëmmung an der Bevëlkerung vun deenen zwee Länner fir ee Bäitrëtt an d’NATO rasant geklommen. Finnland a Schweden schaffen iwwerdeems scho laang enk mat dem Verdeedegungsbündnis zesummen, dat allerdéngs bis ewell ouni selwer Member ze sinn. Och ënnerteneen hate Finnland a Schweden an de vergaangene Joren hire militäresche Pouvoir scho méi staark koordinéiert.