
Déck Placken aus Holz verspären de Wee an d’US-Kapitol, Dausenden Zaldote sollen an den Asaz an déi ganz Ëmgéigend ronderëm ass mat Gitteren ofgespaart. Virun allem d’Westsäit vum Wäissen Haus ass mat Brieder viru bal all Glasscheif verstäerkt ginn.
Eng Plaz ass nach fräi, déi grouss Éierentribün um Bord vun der grousser Marmorterrass, op där den Joe Biden e Mëttwoch als 46. President vun den USA vereedegt gëtt. 5 amerikanesch Fändelen hänken do. Méi wäert et net ginn.
Et ass nach keng 2 Wochen hier, do war d’Situatioun ronderëm d’US-Kapitol eng ganz aner. De 6. Januar hunn Trump-Supporter dat Wäisst Haus gestiermt. Si wollte verhënneren, dass de Biden als nächste Staatschef confirméiert gëtt. 5 Mënsche koumen dobäi ëm d’Liewen. Vun engem Putsch ass Rieds gaangen.
Op dëse Schock huet Washington reagéiert. Grouss Deeler vum Regierungsquartier sinn ofgespaart. Drot gezunn, Barrièren aus Gitteren a Bëtong sinn iwwerall ze gesinn. Elo scho postuléiert d’Nationalgarde mat Maschinnegewierer op Checkpointen a sécheren zentral Zougangstroossen an den Zentrum vun der Haaptstad.
Bis e Mëttwoch soll sech d’Zuel vun der Nationalgardisten op bis zu 25.000 erhéijen. Domat schütze iwwer 4 Mol sou vill Sécherheetsleit d’Vereedegung wéi den US-Militär den Ament am Irak, an Afghanistan an a Syrien zesumme stationéiert ass. Dobäi kommen nach Dausende Sécherheetsleit, ënner anerem de Secret Service, vum Nationale Parkservice sou wéi Polizisten aus dem District Columbia an dem Nationalkongress.
All dës Mesurë solle sécher stellen, dass e Mëttwoch alles friddlech bleift.