Obwuel ëmmer méi Leit et packen ze flüchten, ginn d’Bombardementer weider, d’Zuel vun den Doudesaffer klëmmt an d’Lagen an de Stied gi méi schlëmm.
Konschthéichschoul attackéiert
Déi russesch Arméi verschäerft hir Attacken op d’Ukrain. Dat och géint d’Hafestad Mariupol, déi ëmstallt a belagert ass. Eng Konschtschoul, an där eng 400 Leit Schutz gesicht haten, wier e Freideg bombardéiert ginn, heescht et vun ukrainescher Säit. Fraen, Kanner an eeler Leit haten hei Schutz viru Loftattacke gesicht. Wéi vill Affer et heibäi goufen, konnt bis ewell net verifizéiert ginn.
Eent vun de gréisste Stolwierker an Europa gouf quasi ganz zerstéiert. Et goufen awer och 7 Flucht-Couloiren ageriicht, fir d’Leit aus de Stied Kiew, Charkiw a Mariupol erauszeloossen.
D’Blockade vu Mariupol wäert als Krichsverbriechen an d’Geschicht agoen, sot de President Selensky. Russland wäert dofir d’Konsequenzen huele mussen. “Wat d’Besatzer mat dëser friddlecher Stad gemaach hunn, ass Terror, deen nach an honnert Joren an Erënnerung bleiwe wäert”, huet de Selenskyj ënnerstrach.
Russe setzen Hyperschall-Rakéit “Kinschal” an
Iwwerdeems mellt Moskau den zweeten Asaz vun enger Hyperschall-Rakéit vum Typ “Kinschal”. Heimat wier an der Regioun Mykolajiw e Lager fir Pëtrol a Schmierstoffer vum ukrainesche Militär zerstéiert ginn.
Selenskyj vergläicht Russland mat Nazi-Däitschland
An engem Video-Message un dat israelescht Parlament huet den ukrainesche President un déi sougenannten “Endlösung” vun de Judden am Zweete Weltkrich erënnert a gesot: “Lauschtert dorop, wat grad zu Moskau gesot gëtt: ‘Endlösung’, awer elo schonn am Bezuch op déi ukrainesch Fro”, sou de Selenskyj an enger Ried virun de Knesset-Deputéierten. Donieft huet hien ënnerstrach, dass déi russesch Invasioun an der Ukrain keng “militäresch Spezialoperatioun” wier, mä en “hannerhältege Krich, deen d’Vernichtung vun eisem Vollek, eise Kanner, eise Familljen, eisem Staat” envisagéiert, sou nach den ukrainesche President.
Ukrainer kämpfe weider
D’Ukrainer sinn net bereet opzeginn. An engem Spidol, eng 10 Kilometer nordëstlech vu Kiew, gi Blesséierter behandelt. Een dovunner, en Zaldot, huet missen operéiert ginn. Hie seet, hie wéilt esoubal wéi méiglech nees zréck un d’Front. Den Zivilist Maxim Klimenko erzielt, hie wier vun dräi Kugele getraff ginn, wéi hien an engem zivillen Auto ënnerwee gewiescht wär. Si hätten op d’viischt Scheif geschoss an de Mann getraff.
10 Millioune Mënschen aus der Ukrain si mëttlerweil op der Flucht, dat huet de UN-Flüchtlingscommissaire Filippo Grandi gemellt. Ma et ginn och eng Rei Ukrainer, déi nees zréck an hiert Land kommen. Observatiounen, déi e Sonndeg un der Moldawescher Grenz gemaach goufen.
Resistenz vun e puer couragéierten Ziviliste gouf et e Sonndeg dann an der Stad Cherson am Süde vun der Ukrain. “Gitt heem” hunn d’Leit gejaut an tatsächlech zwee Camione vun der russescher Arméi verdriwwen.
Zu Odessa hu sech d’Awunner op e gréisseren Ugrëff virbereet. Nodeems russesch Truppen d’Hafestad vum Schwaarze Mier aus attackéiert haten, hunn honnerte vu Leit Sandsäck gefëllt, fir sech, am Fall vun enger Buedemoffensiv, verdeedegen ze kënnen. Fir sech géigesäiteg Courage ze maachen, hu Fräiwëlleger a Sänger vum Opernhaus vun Odessa gemeinsam d’Nationalhymn gesongen.
