No Treffen tëscht USA, Russland a ChinaSelenskyj kritiséiert Trump a vergläicht Putin mam Hitler

AFP, iwwersat vun RTL
De russesche Staatschef wier en Aggresseur an e Mäerder, sou den ukrainesche President.
De Wolodymyr Selenskyj no engem Sommet vun der sougenannter "Koalitioun vun de Wëllegen" am Gespréich mat Journalisten.
De Wolodymyr Selenskyj no engem Sommet vun der sougenannter "Koalitioun vun de Wëllegen" am Gespréich mat Journalisten.
© EDOUARD MERLO/AFP

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj kritiséiert den Donald Trump a vergläicht de Vladimir Putin mam Adolf Hitler.

Beim rezenten trilateralen Treffen tëschent den USA, Russland a China hat den US-President Donald Trump de Vladimir Putin als "mäi Frënd" bezeechent an eng Foto verëffentlecht, op där hien de russesche President an den Aarm hëlt.

De Wolodymyr Selenskyj huet elo an engem Interview mat der brittescher BBC dorop reagéiert. De russesche Staatschef wier en Aggresseur an e Mäerder, hien als Frënd ze bezeechne wier, wéi wann een am zweete Weltkrich den Hitler säi gudde Frënd genannt hätt.

Back to Top
CIM LOGO