No heftegem StuermNach ëmmer honnertdausende Leit un US-Ostküst ouni Stroum

RTL Lëtzebuerg
Den amerikanesche Wiederdéngscht warnt weider viru méiglechen Iwwerschwemmungen.
Och de Bethany Beach am Bundesstaat Delaware gouf vum Stuerm getraff.
Och de Bethany Beach am Bundesstaat Delaware gouf vum Stuerm getraff.
© KEVIN DIETSCH/Getty Images via AFP

Nach ëmmer sinn un der US-amerikanescher Ostküst honnertdausende Leit ouni Stroum wéinst engem heftege Stuerm, deen en Donneschdeg deelweis Stroosse komplett ënner Waasser gesat huet. De Stuerm war e Freideg zwar scho méi schwaach, mee den US-Wiederdéngscht warnt weider virdrun, datt fir d'Plage vu Virgina bis Maine nach ëmmer de Risk vun Iwwerschwemmunge besteet.

Zu New York huet iwwerdeems eng éischte Kéier an hirer honnertjäreger Geschicht d'Thanksgiving Parad misse verréckelt ginn. Se soll e Samschdeg nogeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO