
Vum Diesel-Tanker "Med Emre", deen an der Nuecht op en Donneschdeg virun der spuenescher Insel Ibiza gekentert ass, geet anscheinend keng gréisser Gefor fir d'Ëmwelt aus. Dat hunn Experten no enger Ënnersichung vum Schëff festgestallt. Et wier keen Diesel ausgelaf an d'Schëff wier stabil.
D'"Med Emre" war mat knapp 7.000 Tonnen Diesel u Bord gekentert. Ee Séimann koum dobäi ëm d'Liewen, 16 weider Membere vun der Crew konnte gerett ginn.
Wéi genee et zu dësem Accident mat dem Schëff, dat ënner malteeseschem Fändel fiert, koum, ass bis elo nach net gekläert.