
De Wolodymyr Selenskyj reprochéiert Russland, en Energiekrich ze féieren an huet un Europa appelléiert zesummenzehalen. Russland wéilt dat normaalt Liewe vun all eenzelem Europäer zerstéieren an esou déi europäesch Staate schwächen an aschüchteren. Dofir géif nieft Panzer a Rakéiten och d’Energie als Waff benotzt ginn.
Deen decisive Coup géif Russland fir dëse Wanter am Energiesecteur preparéieren. Den eenzege Moyen, fir sech dogéint ze wieren, wier zesummenzehalen, esou den Appell vum ukrainesche President an engem Videomessage.
D’Europäer missen hir Géigemesurë besser koordinéieren a sech géigesäiteg méi hëllefen, huet hie weider ënnerstrach.