
Den ukrainesche President Selenskyj huet d’Awunner aus der Regioun Donezk opgeruff, d’Gebitt ze verloossen. „Maacht Iech op de Wee! Mir wäerten Iech hëllefen!”, sou de President an engem Videomessage.
Déi russesch Arméi huet hir Attacken am Oste vun der Ukrain verstäerkt a vill Gasleitunge goufen zerstéiert, wat och d’Hëtzen am Wanter géing méi schwéier maachen. Dat war déi initial Begrënnung fir d’Evakuéierung. Duerno huet de President awer erkläert, am Donezk wieren honnertdausende Mënschen, zéngdausende Kanner a vill géingen einfach refuséieren, hir Regioun ze verloossen. De Selenskyj huet awer genee dës Leit dréngend opgefuerdert, elo endlech sengem Appell fir eng Evakuéierung nozekommen. Jee méi Leit aus dem Donezk fortginn, desto manner Leit kann déi russesch Arméi ëmbréngen, sou den ukrainesche President.
Russland huet iwwerdeems elo Experte vun de Vereenten Natiounen an dem Roude Kräiz opgeruff, fir d’Attack op ee Prisong am Donezk z’ënnersichen. Dobäi waren dës Woch jo 53 ukrainesch Krichsprisonéier gestuerwen a vill weiderer goufe blesséiert. Moskau hat Kiew beschëllegt, seng eege Prisonéier ëmzebréngen, Kiew mécht d’Russe responsabel. Elo fuerdert Russland eng onofhängeg Enquête.