Dat geet aus de neisten Zuele vun Eurostat ervir. Déi franséisch Wirtschaft stagnéiert den Ament, déi italienesch huet sech esouguer negativ entwéckelt – just déi däitsch huet sech erëm gefaangen a leet liicht zou. A Russland dogéint gëtt domat gerechent, dass d’Inflatioun dëst Joer op 23% klëmmt. Méi zu de leschte 24 Stonnen am Kontext vum Ukrain-Krich am Resumé vum Petz Bartz.
Den ukrainesche President Selenskyj schwätzt vun enger bewosster “Humiliatioun vun der UNO”, vun enger Aktioun, déi géif weisen, wat de Kreml vu weltwäiten Institutiounen hält. Russesch Missilen hunn en Donneschdeg Appartementsheiser an Zivilisten an engem Viruert vu Kiew, dem Shevchenkivskyi Distrikt, getraff. De Kreml war natierlech iwwert d’Presenz vum UNO-Generalsekretär Antonio Guterres an der ukrainescher Haaptstad informéiert – de Mann war een Dag virdrun zu Moskau. Ënnert den Doudesaffer ass eng Journalistin vu Radio Liberty/Radio Free Europe.
D’Stad Mariupol um Asov-Mier gëtt vu russeschen Truppen a pro-russesche Separatisten aus dem Donbass kontrolléiert. Bis op dat 11km Carré grousst Stolwierk vun Azovstal, wou weiderhin ukrainesch Truppen an iwwer 1.000 Zivilisten – gréisstendeels eeler Leit, Fraen a Kanner - verschanzt sinn.
Déi wierklech Schluechte ginn awer am Donbass geschloen. Russland huet grouss Verloschter un Truppen a Material, kënnt awer an der Offensiv virun. Gutt 60.000 ukrainesch Zaldote riskéieren, gezwongen ze sinn, sech mussen zréckzezéien.
“Et sinn ukrainesch Elitetruppen, mee si si quasi ganz ëmstallt. De Siège ass bal komplett, sou dass et wäert ganz geschwënn zu enger entscheedender Konfrontatioun do kommen”, sou den Evgeny Buzhinskiy, Politolog zu Moskau.
Dat hei sinn aktuell Dronebiller vun Irpin, engem weidere Viruert vu Kiew, nieft Butscha a Borodyanka, wou déi muttwëlleg Zerstéierung vun den Infrastrukture fir Ziviliste bewosst gëtt – iwwerdeems de russesche Militär awer zwee Mol pro Dag an enger Usproch fir d’Press Bilan zitt. Ni goung an de Briefinge vum Igor Konashenko bis ewell Rieds dovun, dass och emol en Appartementsgebai getraff gi wier.