Ukrain-KrisSelenskyj: Wann et muss sinn, kämpft d'Ukrain eleng

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend war den ukrainesche President viru säi Vollek getrueden, fir iwwert déi aktuellst Situatioun ze informéieren

Um zweeten Dag vun der russescher Offensiv géint d’Ukrain goufen et en Donneschdeg de Moien éischt Gefechter an der ukrainescher Haaptstad Kiew. Ëmmer nees gi Positioune bombardéiert. D’Russe gewannen uechter d’Ukrain un Terrain, am Norden, am Osten an am Süden. Fir d’Ukrain gëtt mat all Minutt d’Loft méi dënn.

Selenskyj iwwer Ukrain / Reportage François Aulner

D’ukrainesch Arméi ass där russescher wäit aus ënnerleeën an d’Ukrain kritt, ausser Material a moralesch Ënnerstëtzung, keng militäresch Hëllef aus dem Ausland. Den ukrainesche President hat e Mëttwoch den Owend spéit eng Usproch op der Staatstëlee. Militäresch ugedoe huet hie senge Landsleit Courage gemaach. Hien huet bericht, datt 137 Helden um 1. Dag vun der Invasioun gestuerwe sinn, dorënner 10 Offizéier. Déi Zaldoten, déi d’Insel Zmiinyi am schwaarze Mier verdeedegt hunn, wieren all heroesch gestuerwen.

Genee wéi de Francois Bausch bei eis sot, gesäit et de President vun der Ukrain: Russland wéilt hie lass ginn. “Ech bleiwen zu Kiew”, sou awer de Selenskyj.

E Bëssen ewéi den Chruchill 1940 gëtt sech de Selenskyj kämpferesch. Wann et muss sinn, géing d’Ukrain eleng kämpfen. Hie kréich nämlech keng Äntwert op d’Fro, ob säi Land an d’Nato kënnt oder net.

Hien hätt awer och keng Angscht, mat Russland iwwert eng Neutralitéit vun der Ukrain ze schwätzen, sou nach de Selenskyj. D’Fro wier hei just, wéi eng Garantien säi Land kéint vu Moskau kréien.

Viru senger Usprooch huet de Selenskyj och op Twitter gemengt, d’Sanktioune vun de Nato-Membere géint Russland géinge net duergoen. D’Rakéiten, déi weider op säi Land falen, géingen dat beleeën. E bëssen dinn d’Sanktiounen awer wuel wéi, well de Kreml huet elo selwer eng Vergeltung fir d’Sanktiounen ugekënnegt.

Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D’Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO