
Bis ewell war dat nach mat engem negativen Test méiglech. Déi Verschäerfunge solle sou laang gëllen, wéi iwwer 10.000 Corona-Patienten a franséische Spideeler musse behandelt ginn. Aktuell sinn et der ronn 24.000. D’Assemblée nationale hat deem ganzen d’lescht Woch schonns zougestëmmt.
Weider a Frankräich wëll d’Léierpersonal um Donneschdeg massiv géint de Corona-Management an de Schoule protestéieren. D’Léierinnen a Schoulmeeschtere wären midd a verzweiwelt. D’Situatioun wär chaotesch an dat, wat decidéiert gëtt – ëmmer eppes aneres – géif net funktionéieren.
