Nei Verhandlungsronn
Russland an d’Ukrain kommen schonn e Méindeg zeréck un de Verhandlungsdësch, déi Kéier an der Tierkei. Dat mellt déi ukrainesch Regierung. Bis e Mëttwoch soll dann versicht ginn eng Wafferou ze negociéieren.
Separatiste plange Referendum
D‘Separatisten am Luhansk plangen e Referendum fir e Bäitrëtt an déi Russesch Federatioun. Dat huet de Chef vun de Separatisten an de lokalen Medie wëssegedoen. Moskau hat jo kuerz virum Krich déi selwer ernannte Volleksrepublicke Luhansk an Donezk am Osten vun der Ukrain als onofhängeg unerkannt an dunn de Krich ausgeléist ënnert dem Virwand, et wéilt een de Genozide vun der russesch-sproocheger Minoritéit do verhënneren. Kiew huet elo reagéiert an seet, et géing een e Referendum natierlech net unerkennen.
Russesch Truppen organiséiere sech ëm
32 Deeg no der russescher Invasioun mellen déi ukrainesch Autoritéiten iwwerdeems, dass sech déi russesch Truppen ëmorganiséieren an och nei Truppen a Richtung Grenzen ënnerwee sinn. Aktuell gëtt virun allem ganz hefteg an der Hafestad Mariupol an och Norden an der Stad Tschernihiw gekämpft. Do wären d‘Zivilisten an der Stad agekesselt, ouni Stroum, ouni Heizung an ouni Waasser.
Kiew geet donieft dovun aus, dass Moskau elo ganz gezielt versicht, fir Pëtrols- an Liewensmëttel-Dépôten ze zerstéieren. Dofir géing een d‘Reserve flächeméisseg méi wäit auserneeverdeelen.
Russland zeechent blesséiert Veteranen aus
Moskau huet iwwerdeems eng ganz Rei Biller op der Staatstëlee gewise vu schwéierblesséierte Veteranen, déi fir hir militäresch Spezial-Operatioun ausgezeechent goufen. Offiziell Quelle confirméieren donieft och, dass een héichrangege russesche Militär vu sengen eegene Leit mam Panzer iwwerrannt gouf. Et geet een dovun aus, dass den verantwortlechen Zaldot extrem rosen war iwwer déi grouss Verloschter vun senger Unitéit. Bei Kämpf an der Regioun ronderëm Kiew wieren 50 Prozent vu senger Unitéit ëm d‘Liewen komm.
Leschten Zuch tëscht Russland an EU ënnerwee
Um Sonndeg huet dann och e leschten Zuch St.Petersburg an Direktioun d’Finnesch Haaptstad Helsinki verlooss. Domat läit eng vun de leschten direkte Verbindungen tëscht Russland an der EU op Äis. Zanter dem Ufank vum Krich hu vill Russen, déi net mam Putin-Regimme averstane sinn, hiert Land iwwer dee Wee verlooss.
Surrealistesch Biller: Bauer séint trotz Krich Sonneblummen un
Um 36. Dag vun der russescher Invasioun komme scho bal surrealistesch Biller aus der Ukrain, e Bauer séit Sonneblummen un. Déi ukrainesch Produktioun mécht ronn 50% vum Welthandel aus. De Bauer aus dem Südweste vum Land un der Grenz mat Rumänien erkläert, datt hien esou laang weiderschafft, bis den Diesel fir den Trakter ausgeet. Well d’Häfen um schwaarze Mier blockéiert sinn, huet d’Ukrain ugefaangen, Kären mam Zuch Direktioun Europa ze liwweren.
Joe Biden huet Herrschaft vum russesche President oppen a Fro gestallt

“Ëm Gottes wëllen, dëse Mann kann net un der Muecht bleiwen”, sou den US-Demokrat an enger kämpferescher Ried viru ronn 1.000 invitéierte Gäscht.
D’Wäisst Haus war kuerz drop awer schonn drëm beméit, dës Ausso ze relativéieren. Engem Mataarbechter no, hätt dee Passage net am virbereeten Text vun der Ried gestanen. Den Joe Biden huet direkt un d’Mënschen a Russland appelléiert sech vum Krich an der Ukrain ze distanzéieren an huet de Wladimir Putin direkt e puer mol als “Diktator” an och als “Schlächter” betitelt. Der Ukrain huet den amerikanesche President weider Ënnerstëtzung zougesot.

Moskau kontert a seet de Biden géing mat erschreckender Reegelméissegkeet Aussoen a Feeler maachen, déi méi schlëmm wieren wéi Verbriechen. Et wier donieft net un den USA iwwer déi russesch Féierung ze schwätzen, mä de russesche President géing vum russesche Vollek gewielt ginn, sou heescht et weider. Den amerikanesche President misst onbedéngt eng medezinesch Consultatioun maachen. Hie wier schwaach, krank an onglécklech. D‘Amerikaner misste sech fir hiren President schummen.
De franséische President Macron distanzéiert sech iwwerdeems vun den Aussoe vum Joe Biden. Et misst een eng Eskalatioun vun de Wieder an vun den Handlungen an dësem Krich evitéieren, esou den Emmanuel Macron.
Export vu Kären
D’Ukrain huet domadder ugefaangen, fir Käre via Zuch z’exportéieren. D’Häfen am Schwaarze Mier si wéinst dem Krich blockéiert. Déi éischt Quantitéit vun e puer dausend Tonnen Käre wier schonn iwwert déi westlech Landesgrenz. Virum Krich huet d’Ukrain, ee vun de gréisste Käreproduzenten an -exportateuren, all Mount méi wéi 5 Milliounen Tonnen exportéiert. 98% dovunner via d’Häfen. Elo sollen all Mount bis zu 600.000 Tonnen per Zuch an Europa geliwwert ginn.
D’Ukrainer halen der russescher Invasioun weider entgéint
De Buergermeeschter vu Mariupol schwätzt vun engem “heroesche Widderstand” an huet der russescher Arméi reprochéiert ouni Récksiicht géint all Awunner vun der schwéier zerstéierter Stad virzegoen. D’Russe wéilte Mariupol “ausradéieren”.
Déi ukrainesch Autoritéiten ginn dovun aus, dass Moskau ganz geziilt versicht, fir Pëtrols- an Liewensmëttell-Depoten ze zerstéieren. Dofir géing een d’Reservëe flächeméisseg wäit auserneen verdeelen. Donieft wär Russland derbäi weider Truppen un d’Grenz ze bréngen. Dofir géing een dovunner ausgoen, dass sech d’Attacken op d’Ukrain nach eemol verstäerken wäerten.
Moskau huet iwwerdeems eng ganz Rei Biller op der Staatstëlee gewise vun schwéier blesséierte Veteranen, déi fir hir militäresch “Spezial-Operatioun” ausgezeechent goufen.
Bei russeschen Rakéitenattacken op eng Tanklager an e Militärsitte zu Lwiw am Weste vum Land sinn e Samschdeg, ukraineschen Informatiounen no, 5 Persoune blesséiert ginn. Am ganze wieren op där Plaz véier russesch Rakéiten ageschloen, heescht et. Dem Buergermeeschter vun Stad no, wieren d’Rakéiten fir den US-President Joe Biden gemënzt gewiescht, deen deen Ament net wäit ewech vun do a Polen war.
Selenskyj freet méi Waffen
An engem neie Videomessage an der Nuecht op e Sonndeg huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj de Westen op en neits no méi schwéiere Waffen, dorënner Kampfjetten gefrot. Dës Waffen géife gebraucht, net nëmmen fir d’Ukrain mä och fir aner osteuropäesch Länner ze schützen, deene Russland mat enger Invasioun gedreet huet. Virdrun hat den ukraineschen Ausseminister Dmyto Kuleba, no engem Gespréich mam US-President erkläert, d’USA hätten “keng Awänn” fir Kampfjetten via Polen an d’Ukrain ze liwweren. De Ball géif also elo bei de Polen leien.

Lis Truss fuerdert méi Sanktiounen
Déi brittesch Ausseministesch Lis Truss wëll méi Drock op Russland, méi Drock op de Wladimir Putin maachen fir d’Land op de Verhandlungsdësch ze bréngen. D’Sanktiounen misste verstäerkt ginn, sou déi brittesch Diplomatiecheffin, an d’Ukrain mist verstäerkt Waffe geliwwert kréien.
An der Ukrain sinn zanter dem Ufank vum Krich virun engem Mount 12 Journalisten ëm d’Liewe komm. Eng weider 10 Reporter wiere bei hirer Aarbecht deels schwéier blesséiert ginn.