“Asymptomatesch Leit sinn net ustiechend”, ass d’Konklusioun déi Verschiddener aus der Wuhan Etüd zéien.
Ganz esou einfach ass et awer net. Dat well d’Etüd am Mee zu engem Zäitpunkt gemaach gouf, wou et zu Wuhan keng aktiv Covid-19-Infektioun méi gi wier an 2/3 vun den asymptomatesche Persoune schonn Antikierper haten, argumentéiert de Prof. Dr Claude Müller: “Dat schwätzt aus menger Siicht dofir, datt di asymptomatesch Fäll Laangzäit-Positiver sinn. An dass eigentlech d’Epidemie (zu Wuhan) laang Zäit eriwwer war. An dofir schwätzt och, datt déi Antikierper hunn, well normalerweis hätten déi jo zu deem Zäitpunkt nach keng Antikierper.”
Deementspriechend wier et och net verwonnerlech, datt déi asymptomatesch Persoune vu Wuhan keng vun den 1.200 Kontaktpersounen ugestach hunn. Den Zäitpunkt wou si ustiechend gewiescht wären, léich scho Wochen zréck, erkläert de Lëtzebuerger Virolog vum Luxembourg Institute of Health. Dat géif déi besoten Asymptomatesch och vun deenen hei am Land ënnerscheeden, déi elo matten an der Epidemie positiv getest ginn. Dës Leit wiere réischt viru kuerzem ugestach ginn an hätten deemno nach méi eng héich Charge virale, sinn also nach potentiell ustiechend.
Wéi contagiéis, do kommen d’wëssenschaftlech Etüden zu ënnerschiddleche Konklusiounen. Den Dr. Gérard Schockmel, Spezialist fir Infektiounskrankheeten: “Déi eng weisen, datt et ustiechend ass, déi aner, datt een Deel net ustiechend ass. Et hänkt natierlech ganz dovunner of, wat den Typ vun der Expositioun ass. Wann dir zum Beispill mat engem Asymptomateschen an engem Haushalt wunnt, wou dir iech an den nämmlechte Raim wärend Stonnen ophaalt, dann och bei niddrege Sekretioun vum Virus ass natierlech e Risiko do, dass dir iech ustiecht.”
Mat sengem Large Scale Testing a Contact Tracing bitt Lëtzebuerg en eenzegaartegen Terrain fir d’Contagiositéit vun asymptomatesche Leit par rapport zu de Symptomateschen ze studéieren. An enger Etüd hu lëtzebuergesch Fuerscher d’Date vun der 1. Phas vum 27. Mee bis de 15. September ausgewäert. A koumen zu dëser Konklusioun. Den Dr Paul Wilmes aus der Covid Task Force a Fuerscher op der Uni.lu: “Wat eis Donnéeën eis soen, ass datt et do u sech keen Ënnerscheed gëtt. An dat ass och deckungsgläich mat enger Rei vun aneren internationalen Etüden an dat ass och deckungsgläich mat der Analys vum “US Centre for Disease Control Prevention”, déi och dovunner ausginn, datt 50% vun den Transmissiounen op asymptomatesch Individuen zréckzeféiere sinn.
Eng Meta-Analys vun Dausende Publikatiounen op déi d’Robert Koch-Institut sech baséiert, kënnt zur Konklusioun, datt asymptomatesch Persounen 42% manner ustiechend sinn, wéi Covid-Kranker. E Risiko 0 ass awer och dat bei Wäitem net.
