
An Däitschland goufe bannent engem Dag iwwer 4.000 Nei-Infektioune registréiert, wat e plus vun iwwer 1.600 zum Dag virdrun ass. Sou héich Chiffere goufen et zanter Mäerz an Abrëll net méi bei eisen däitschen Noperen. Virun allem grouss Stied wéi Hamburg, Stuttgart, Bremen a Berlin si sougenannten Hotspots. An der däitscher Haaptstad däerf zum Beispill no 23 Auer keen Alkohol méi verkaf ginn a just nach bis zu 5 Leit dierfe sech dobaussen treffen.
A Frankräich goufen e Méindeg 8.500 nei Fäll registréiert, weider 96 Persoune sinn un de Suitte vum Virus gestuerwen. Toulouse a Montpellier gëlle vun en Dënschdeg un als “zone d’alerte maximale”. Leschte Samschde waren et eng 27.000 nei Fäll bannent 24 Stonnen. De franséische President Emmanuel Macron wäert sech e Mëttwoch un d’Bierger adresséieren a kéint méi streng Mesuren annoncéieren, wéi lokal Ausgangsspären.
Och bei eisen Noperen an der Belsch ginn ëmmer méi Fäll gezielt, an dat, obschonn zanter leschter Woch op en Neits méi streng Mesurë gëllen. E Méindeg goufen iwwer 5.300 nei Fäll registréiert a weider 16 Leit si gestuerwen. Domat klëmmt d’Zuel vun Doudesfäll op ronn 10.200. Vir datt sech de Virus net nach weider verbreet, huet de Gouverneur vun der Province de Luxembourg e Méindeg annoncéiert datt vun e Mëttwoch un Deplacementer, déi als net wichteg gëllen, tëscht 1 a 6 Auer moies verbuede sinn. D’Mesure gëllt virop fir 14 Deeg a kann doriwwer eraus verlängert ginn.
