23. Dag Ukrain-KrichSituatioun zu Mariupol weider uerg, Bommenalarm an der ganzer Ukrain

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 3 Wochen nom Ufank vun der russescher Invasioun, kann dat ukrainescht Militär hir wichtegst Gebidder a Stied weiderhi verdeedegen.
© AFP

Update vun 12 Auer

Ukrain Update 12 Auer / Pierre Jans

Explosioune beim Flughafen am westukrainesche Lwiw, geplangten Rettungsaktiounen fir Zivilisten an den ëmkämpften Dierfer a Stied an onermiddlechen ukrainesche Widderstand.

Dat ass d‘Situatioun an der Ukrain. Am Westen sinn d’Alliéiert weider beméit, déi ukrainesch Truppe géint Russland z’ënnerstëtzen, an dobäi eng Eskalatioun z’ëmgoen.

Nato: Hëllef, datt Ukrain sech selwer verdeedege kann

De Spagat ass net einfach. De Putin léisst Attacken fléien ouni Récksiicht op Onschëlleger. Oder souguer express. Hie kritt Krichsverbriechen a Mënscherechtsverletzungen reprochéiert. D‘NATO-Staaten mussen eppes dogéint ënnerhuelen, mä si dierfen net ze wäit goen. D‘Waffeliwwerungen ginn allemol méi grouss. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg sot dem „Deutschlandfunk“, wat d‘Ziler vun der Allianz sinn.

Et géing der NATO drëms goen, eng souverän an onofhängeg Natioun z’ënnerstëtzen. Si géif der Ukrain Support ginn, fir hiert Recht, sech selwer ze verdeedegen oprecht ze erhalen, wéi et an der UN-Charta steet. D’NATO ënnerstëtzt si och fir hir territorial Integritéit ze protegéieren, esou de Stoltenberg.

Deen och op en neits d’Moral vun den ukraineschen Zaldoten a Bierger ervirgestrach huet. Mat westlechen Waffe géif d’Stäerkt um Schluechtfeld wuessen, mä och um Verhandlungsdësch.

Telefonat tëscht Scholz a Putin

Do ass d’Stëmmung awer schlecht. Den däitsche Bundeskanzler hat op en neits de russeschen President un der Strëpp. Eng Wafferou misst hir, esou dem Olaf Scholz seng Fuerderung. Dem däitsche Regierungsspriecher no hätt de Putin geäntwert, et wär ee jo bereet ze schwätzen, mä Kiew géif onrealistesch Proposen maachen. De franséische President Emmanuel Macron wäert e Freideg och nach eng Kéier probéieren, dem Mann am Kreml an d’Gewëssen ze schwätzen.

Interessant ass och, dass den däitsche Bundeskanzler Kritik vun engem Conseiller vum ukrainesche President Selenskyj huet missen astiechen. De Scholz hat virdru gewarnt, dat russescht Vollek mat hirem President gläichzesetzen. Dat hei wär dem Putin säi Krich. Ma dat wär falsch, esou de Mychaljo Podoljak op de soziale Reseauen. Sondage géife weisen, dass eng Majoritéit vun de Russen de Krich an domat d‘Ëmbrénge vun den Ukrainer géif ënnerstëtzen.

Bommenalarm am ganze Land

D’Leit an der Ukrain hunn den Ament aner Suergen. Ukrainesche Medien no gouf et nees Bommenalarmen am ganze Land. Am Weste vum Land gouf hefteg Explosiounen an der Géigend vum Fluchhafe vun der Groussstad Lwiw. Affer géif et éischten Erkenntnisser no net ginn, seet de Buergermeeschter. Allerdéngs ass Lwiw nëmmen 80 Kilometer vum EU-Memberstaat Polen ewech.

Situatioun zu Mariupol weider uerg

Ganz uerg ass d’Situatioun weider och zu Mariupol am Süden. Déi russesch Buedemtruppen wären do an tëscht am Zentrum, heescht et vun der russescher Säit. Déi ukrainesch Forcen si ronderëm d’Auer domat beschäftegt, Zivilisten aus der Stad erauszekréien. Och haut sinn nees Fluchtkorridoren geplangt.

D’Ukrainer wiere sech onermiddlech. Ronderëm d’Haaptstad Kiew géif den Ament eng gréisser Militäroperatioun lafen, fir déi russesch Truppen aus de Viruerter zeréckzedrängen.

Situatioun géint 7 Auer

Ukrain probéiert russesch Truppen aus Viruerter vu Kiew zeréckzedrängen

An engem neie Video-Message huet de President Selenskyj sech un d’Awunner vun de belagerten Stied am Oste vun der Ukrain adresséiert, an hinne verséchert, dass si net géifen am Stach gelooss ginn. Si wäerte fräi sinn, dofir géif all Ukrainer alles ginn.

De Selenskyj gehäit Russland dann och vir, ëmmer méi Söldner aus dem Ausland ze rekrutéieren.

Ronderëm Kiew géif den Ament eng gréisser Militär-Operatioun lafen, fir déi russesch Truppen aus de Viruerter zeréckzedrängen.

An der Nuecht op e Freideg sinn d’Loftattacken op d’Stad Tschernihiw iwwerdeems weider gaangen. Schwéier Artillerie hätt d’300.000-Awunnerstad am Osten nees an d’Viséier geholl. D’Situatioun wier ganz oniwwersiichtlech, heescht et vun der ukrainescher Defense. Vill Gebaier wieren awer getraff ginn. Déi humanitär Situatioun wier katastrophal.

Bis zu 1.300 Leit am Theater zu Mariupol verstoppt

Nodeems zu Mariupol e Mëttwoch en Theater zerbommt gi war, schéint et, wéi wa sech nach méi Leit doranner sollen opgehalen hunn wéi ufanks geduecht.

En Deputéierten aus der Stad huet en Donneschdeg den Owend vun engen 1300 Leit, haaptsächlech Fraen a Kanner geschwat, déi am Theater Schutz gesicht haten.

Bis ewell hätten eng 130 Persounen kënne gerett ginn, mä well et praktesch keng Rettungsdéngschter méi zu Mariupol gëtt, ass och keen do, fir d’Ruinen ewech ze raumen, sou dass een nach guer net an d’Keller-Raim virgedrongen wier, an dohier net wéisst op, an wéi vill Iwwerliewender et gëtt.

Moskau dementéiert, datt russesch Truppen den Theater bombardéiert hunn a gëtt ukraineschen Nationalisten d’Schold. Mariupol ass jo vun de Russen agekesselt. Eng 30.000 Mënschen konnten awer bannent enger Woch flüchten.

D’USA reprochéiere Russland Krichsverbriechen

Well och Zivilisten vun den russeschen Attacken viséiert wieren. Den amerikaneschen Ausseminister Blinken sot, den Ament géife Beweiser dofir gesammelt ginn. Dernieft huet hie Moskau reprochéiert, keng wierklech Efforte bei de Verhandlungen mat Kiew ze maachen. Vill diskutéiert ginn den Ament och Biller vun enger Drone. Dës solle weisen, wéi russesch Zaldoten en Zivilist, deen um Buedem läit, erschéissen.

Den amerikaneschen President Biden huet dann um Freideg Gespréicher mat sengem chineseschen Homolog Xi Jinping. D’USA fäerte jo, datt China, Russland militäresch ënnerstëtzt, an huet scho mat schroe Konsequenzen gedreet.

Verméige soll saiséiert ginn

D’EU an d’G7-Staaten wëlle bei de Sanktioune géint russesch Oligarchen dann nach méi enk zesummeschaffen. Et wéilt een all verfügbar rechtlech Schrëtt ënnerhuelen, fir hir Verméigenswäerter ze fannen, an anzefréieren oder carrement ze saiséieren, heescht et vun der EU-Kommissioun zu Bréissel.

Eng entspriechend Erklärung hunn d’Finanzministere vun den USA, Däitschland a Frankräich och schonn ënnerschriwwen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO