
Nach éier d’Pompjeeën op der Plaz waren, konnten d’Mataarbechter vun der Klinick zesumme mat Polizisten e Patient aus dem Zëmmer retten an dësen op de Rez-de-chaussée vum Gebai bréngen. Hie gouf mat schwéiere Blessuren an d’Spidol nieft der Klinick bruecht.
Iwwerdeems goufe beim Feier fënnef aner Patienten an e Mataarbechter vun der Klinick blesséiert. Eng 50 Pompjeeë waren zwou Stonne laang am Asaz, fir d’Feier ze läschen.