No Victoire vum Donald TrumpSozial Plattform "Bluesky" kritt ëmmer méi Notzer

RTL Lëtzebuerg
700.000 nei Notzer hu sech an der Woch no den US-Walen ugemellt.
© AFP

Nodeems den Donald Trump d’US-Wale gewanne konnt, hu sech eng Rei Notzer vun der sozialer Plattform X ofgemellt. D’Plattform, déi den Elon Musk virun e puer Joer iwwerholl hat, huet an de Presidentiellen eng grouss Roll gespillt. Virun allem d’Republikaner konnte sech hei op de Support vum räichste Mënsch op der Welt verloossen, dee beim Walkampf ëffentlech op der Säit vum Trump ze gesi war. Duerch déi vum Musk ugekënnegt “Freedom of Speech”, déi et jidderengem erméiglecht, Informatiounen ongefiltert ze verbreeden, hunn zäitgläich awer och Desinformatiounen op X ëmmer méi zougeholl.

Fir vill Leit war dat ee Grond, op aner sozial Plattformen auszewäichen. Genee gesot, hu sech zanter der Victoire vum Donald Trump ronn 700.000 Notzer bei “Bluesky” ugemellt, enger alternativer US-amerikanescher sozialer Plattform, déi vum eemolegen Twitter-CEO Jack Dorsey 2019 an d’Liewe geruff gi war. Mat enger Tendenz, déi klëmmt, sinn domat hei elo ronn 14,5 Milliounen Notzer aktiv, wat am Verglach zu anere Plattformen awer ëmmer nach relativ geréng ass.

Back to Top
CIM LOGO