
D’Partei vum Ministerpresident Dietmar Woidke, déi zanter 1990 an der Regierungsverantwortung ass, huet sech knapps géint d’AfD duerchgesat.
Dem Endresultat no kënnt d’SPD op 30,9% vun alle Stëmmen, d’AFD op 29,2%. Duerno kënnt d’Bündnis Sarah Wagenknecht op 13,5 an d’CDU op 12,1%.
Déi Gréng, d’Linke an d’FDP hunn d’5%-Quot fir an de Landtag era verpasst.
D’Wal a Brandenburg gouf am Virfeld schonn als Stëmmungstest bezeechent, och en vue vun de Bundestagswalen d’nächst Joer.
Bis ewell hunn d’SPD, CDU a Grüne zesummen a Brandenburg regéiert. All relevant Parteien hunn ausgeschloss, mat der AfD ze koaléieren, där hire Landesverband a Brandenburg vum Verfassungsschutz als Verdachtsfall agestuuft gëtt.