Buergermeeschter warntSpideeler zu London sti virun engem Kollaps

RTL Lëtzebuerg
Wéinst den héije Corona-Infektiounszuele kéint de Gesondheetssystem an der brittescher Haaptstad komplett abriechen.

Dovu warnt de Londoner Buergermeeschter Sadiq Khan. Déi sougenannten 7-Deeg-Inzidenz läit zu London antëscht bei iwwer 1000.

Groussbritannie mëllt donieft en néien Héchststand vun Doudesaffer. Bannent engem Dag sinn iwwer 1.300 Leit mam oder duerch de Corona-Virus ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO