Exit-Strategie an DäitschlandSpillplazen, Geschäfter, Zooen a Muséeë ginn nees op

RTL Lëtzebuerg
No enger wochelaanger Spär wëll déi däitsch Regierung d'Spillplazen nees fir Kanner opmaachen.

Dobäi mussen d’Elteren awer oppassen, dass d’Hygiènesmesuren agehale ginn. Och Muséeën, Ausstellungen, Commemoratiounsplazen, Zooen a botanesch Gäert dierfen ënnert bestëmmte Konditiounen nees opgoen. Fir corona-bedéngt Ëmbauaarbechte stellt de Bund eng finanziell Hëllef an Héicht vu ronn 10 Milliounen Euro zur Verfügung.

Donieft ass geplangt, dass Gottesdéngschter a reliéis Versammlungen nees sollen zougelooss ginn - awer just fir eng begrenzten Unzuel u Leit an den Ofstand muss tëscht de Participantë stänneg agehale ginn. Um Verbuet vu Concerten, Stroossen- a Wäifester oder gréissere Sportsmanifestatioune mat Spectateure gëtt weiderhi festgehalen. Et kéint nach net gesot ginn, ënnert wéi enge Bedéngunge méi kleng ëffentlech a privat Feierlechkeeten oder Veranstaltungen kéinte stattfannen. Dofir wier en den Ament wéinst dem héijen Infektiounsrisiko nach ze fréi.

An eisem Nopeschbundesland Rheinland-Pfalz dierfen d’Geschäfter, onofhängeg vun hirer Gréisst oder hirem Sortiment, hir Dieren den 3. Mee nees opmaachen, huet d’Malu Dreyer annoncéiert. Weider heescht et um Donneschdeg, dass e Konzept fir Schoulen, Crèchen a Sport fir de 6. Mee stoe soll.

Back to Top
CIM LOGO