
Den 9. Oktober stoungen am Mosambik d’Regierungswalen um Programm. Wéi d’Walkommissioun elo en Donneschdeg bekannt ginn huet, konnt sech den Daniel Chapo mat 71 Prozent vun de Stëmmen duerchsetzen. Hie gehéiert der Partei Frelimo un, déi schonn zanter 49 Joer un der Muecht ass.
Nodeems d’Resultater ëffentlech gemaach goufen, sinn e Freideg am ganze Land staark Protester ausgebrach, bei deenen d’Oppositioun der Walkommissioun Korruptioun bei enger “geklauter Wal” virgeheit hunn. Den Oppositiounsféierer Venancio Mondlane hat sech selwer als Gewënner vun de Walen ernannt an d’Leit dozou opgeruff, op d’Stroossen ze goen. Bei den Ausernanersetzungen hunn d’Demonstrante mat Steng op d’Police geheit, Stroosse blockéiert an deelweis och Feier geluecht. Ee Mënsch ass dobäi an der Stad Nampula ëm d’Liewe komm.
Eng Opsiichtsmissioun vun der EU hat Ufank Oktober tatsächlech Onreegelméissegkeete bei der Auszielung vun de Stëmme festgestallt. Deemno wier ee beispillsweis bei der Walbedeelegung vun de walberechtegten Erwuessenen, déi ee Stëmmziedel sollen ofginn hunn, op 104 Prozent komm.