
An der Karnevalshaaptstad Köln sollen dëst Joer fir den Héichpunkt vun der Saison verschäerft Corona-Reegelen an der ganzer Stad gëllen. De Kölner Karneval soll dëst Joer als dezentraalt Fest gefeiert ginn, esou d’Stadsdirektesch Andrea Blome e Mëttwoch. An anere Stied géing dogéint éischter a just e puer Hotspots gefeiert ginn.
Déi ganz Stad gëtt zur “Brauchtumszone” ausgewisen. “Dat bedeit awer net, datt mir déi ganz Stad als Partyzon deklaréieren”, esou d’Andrea Blome. Grouss Evenementer ouni zueleméisseg Beschränkunge soll et net ginn, an och déi traditionell Cortègë sinn ofgesot.
Um Strossekarneval gëllt an der ganzer Stad den 2G+, dobaussen dierfen also just geimpften oder nees gesond Leit feieren, déi dobäi nach geboostert oder getest sinn. Bannenan mussen och geboostert Leit zousätzlech nach een Test virleie kënnen.