Mutéiert Virus-MutatiounSuerge wuesse wéinst Kräizung vu brittescher a südafrikanescher Variant

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien ass eng verännert Versioun vun der Corona-Mutatioun opgetrueden. Se soll méi resistent géint d'Schutzimpfung sinn. Ënnersichunge lafen.

Den a Groussbritannien entdeckte mutéierte Coronavirus B117 huet sech wéi et schéngt weiderentwéckelt. Et soll eng Kombinatioun si vun där Variant an E484K, där aus Südafrika.

Fuerscher sollen am Optrag vun der brittescher Regierung Prouwen ënnersichen. D’Suerg wier grouss, dass d’Vaccine manner wierke sollen. De verännerte Spike-Protein E484K, dat een an de Varianten aus Südafrika (B1351) a Brasilien (P1) fënnt, ass wéi et schéngt och elo an der englescher Variant B117 entdeckt ginn.

11 vun 105 Fäll waren an de leschten Deeg bekannt ginn, wou keng novollzéibar Reesverbindung a Südafrika konnt ausgemaach ginn, huet et e Méindeg vun der Agence “Public Health England” geheescht. Déi aner a Groussbritannien entdeckte Fäll vun der Mutatioun konnt een a Verbindung mat Reesen a betraffe Regiounen setzen. Am Ganze goufe ronn 200.000 Prouwe ënnersicht.

Den SPD-Gesondheetsexpert Karl Lauterbach hält dës Kombi fir méi geféierlech, wéi hien och op Twitter matgedeelt huet.

A Groussbritannien, wou de B117 op d’mannst zanter dem 20. September zirkuléiert, hat de Virus vill Zäit a genuch Méiglechkeeten, ze mutéieren. Dass genee dat elo mat der E484K-Mutatioun geschitt ass, ass rengen Zoufall, dass se sech awer a Südafrika wéi och Groussbritannien duerchsetzt, ass en Hiwäis drop, dass d’Vire sech en Iwwerliewensvirdeel verschafen.

E Fuerschungsteam ëm de Ravi Gupta vun der Universitéit Cambridge huet schonn am Labo iwwerpréift, ob dës nei mutéiert Variant tatsächlech méi resistent géint de Biontech/Pfizer-Impfstoff ass, wéi de B117. Et hätt een e “substantielle Verloscht vun der Neutraliséierungsaktivitéit” festgestallt. am Verglach zu de Viren ouni E484K, sou d’Fuerschungsteam an hirem Bericht.

Grond ze panikéieren, wier et net. Et war an et ass z’erwaarden, dass sech d’Viren de Mënschen upassen.

Back to Top
CIM LOGO