Suen a Material fir d'FlüchtlingenTaiwan weist sech solidaresch mat Spende fir d'Ukrain

RTL Lëtzebuerg
Wéi vill Länner condamnéiert och Taiwan déi russesch Invasioun an der Ukrain a weist sech solidaresch.

Nieft finanzieller Ënnerstëtzung schéckt Taiwan och materiell Hëllef a Spende vum Publik an d’Nopeschlänner vun der Ukrain, fir hei de Flüchtlingen um Terrain ze hëllefen. D’Insel positionéiert sech esou als Partenaire vun demokratesche Staaten op der internationaler Bün.

Taiwan hëlleft der Ukrain / Korrespondenz vum Tanja Kinnen

Taiwan huet um Ufank vum Krich tëschent Russland an der Ukrain net gezéckt, fir d’Aktioun schaarf ze condamnéieren. Net nëmmen ënnerstëtzt d’Land déi international Sanktioune géint Russland, ma weist sech och solidaresch mat den ukrainesche Flüchtlingen. Direkt e puer Deeg nom Ufank vum Krich huet déi taiwanesch Regierung e Spendekont opgemaach. An nëmmen 18 Deeg sinn esou iwwer 23,5 Milliounen Euro zesummekomm. D’Sue solle fir humanitär Zwecker a medezinesch Hëllef genotzt ginn. Schonns eng 14,2 Milliounen Euro goufen iwwerwisen, notamment a Polen, dat bis ewell iwwer 2 Millioune Flüchtlingen opgeholl huet.

Sech solidaresch weise mat der demokratescher Welt ass fir Taiwan och eng Opportunitéit, sech als verlässleche Partner op der internationaler Bün ze positionéieren. Et wëll een eng aktiv Roll spillen an um internationale Plang als Demokratie identifizéiert ginn. Och an der Hoffnung selwer international Ënnerstëtzung ze kréien, sollt een eng Kéier vum groussen Noper China aggresséiert ginn. China gesäit Taiwan jo als Deel vu sengem Territoire a wëll sech noutfalls mat Gewalt duerchsetzen.

Esou läit de Fokus vun der taiwanescher Aussepolitik dann op der Stäerkung vun de Relatioune mat aneren demokratesche Staaten, notamment an Zentral- an Osteuropa. Grad mat Polen, der Slowakei, Tschechien a Litaue gouf et an deene leschte Méint eng méi enk Zesummenaarbecht. Dës Länner haten Taiwan Mëtt d’lescht Joer eng ganz Réi Covid-Impfdose geschéckt, ewéi Taiwan Schwieregkeeten hat, der selwer ze beschafen. Elo wëll een dës Ënnerstëtzung zréckginn.

Net nëmmen d’Politik, ma och de Public weist seng Sympathie mat den Ukrainer. Taiwan huet schonns 27 metresch Tonnen un medezineschem Material an iwwer 9 Milliounen Euro un finanzieller Hëllef a Polen geschéckt. Och déi taiwanesch Presidentin Tsai Ing-wen, hire Vize an de Premier hunn ugekënnegt, de Salaire vun engem Mount fir d’ukrainesch Flüchtlinge ze spenden. Donieft huet d’Regierung decidéiert, e spezielle Besuchsvisa fir Ukrainer mat Famill an Taiwan ze kreéieren. An d’Akademie fir Wëssenschafte bitt e Programm fir Studenten an Akademiker aus der Ukrain un, fir Etüden am Land ze maachen. Dëst inklusive finanzieller Ënnerstëtzung fir den Trajet an den Openthalt an Taiwan.

Taiwan huet schonns an der Vergaangenheet seng Solidaritéit bei humanitäre Katastrophe bewisen, notamment nom groussen Äerdbiewen an der Reaktorkatastrophe zu Fukushima a Japan 2011. Hei war Taiwan mat 230 Milliounen Euro un finanzieller Hëllef mat de gréissten Donateur weltwäit nach virun den USA.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO