Messerattack zu AschaffenburgTäter sollt zum Zäitpunkt vun der Dot am Prisong sinn

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem Kierperverletzung a Beleidegung: Den Täter, deen zu Aschaffenburg e Kand an e Mann ëmbruecht huet, war der Justiz scho méi laang bekannt.
© AFP

Eigentlech hätt den Täter vun der Messerattack zu Aschaffenburg schonn zanter Enn Dezember zejoert misse fir iwwer e Mount am Prisong sëtzen. Wéi de Parquet vu Schweinfurt matdeelt, wier déi sougenannt “Ersatzfräiheetsstrof” awer ni agetrueden. Grond dofir wier déi gesetzlech Reegelung, datt e Geriicht bei zwou verschidde Verurteelungen ënner bestëmmt Konditiounen eng sougenannt Gesamtstrof muss schafen. Eréischt da wier kloer, wéi laang de Verurteelte wierklech an de Prisong muss - oder wéi vill Geldstrof hie bezuele muss.

Am Fall vum 28 Joer ale Mann mat afghanescher Nationalitéit war hien vun zwee verschidde Geriichter zu Geldstrofe verurteelt ginn. Déi éischt Geldstrof hat hien net bezuelt, wouduerch hien den 23. Dezember 2024 eigentlech eng “Ersatzfräiheetsstrof” vu 40 Deeg sollt untrieden - wat hien awer net gemaach huet.

Antëscht wier och dat zweet Urteel mat Geldstrof rechtskräfteg ginn, heescht et vun engem Spriecher vum Parquet. Dowéinst hätt d’Amtsgeriicht Schweinfurt eréischt iwwer eng Gesamtstrof missen decidéieren - wat awer “ënnert anerem wéinst zwéngend néidegen Zoustellungen an Iwwersetzungen” net geschitt war. Esou konnt de Mann bis zu senger Dot den 22. Januar op fräiem Fouss bleiwen. Allerdéngs preziséiert de Parquet och, datt hie souwisou op fräiem Fouss bliwwe wier, wann hie seng Geldstrofe bezuelt hätt.

RTL-News (23.1.25): Attack vun Aschaffenburg mat Impakt op däitsch Walen: De Friedrich Merz fuerdert dauerhaft Kontrollen op däitsche Staatsgrenzen
RTL-News (22.1.25): Aschaffenburg: E Kand an e Mann stierwe bei Messerattack op Spillschoulsgrupp

Back to Top
CIM LOGO