No Festnam vu Pawel DurowTelegram wiert sech géint Virwërf

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg den Owend gouf de Grënner vum Kommunikatiounsdéngscht Telegram bei Paräis festgeholl. A Frankräich gouf et en Haftbefeel géint hien.

Dem 39 Joer alen Pawel Durow, deen déi russesch an déi franséisch Nationalitéit huet, gëtt virgehäit, net genuch gemaach ze hunn, d’Notzung vu sengem Messenger-Déngscht fir kriminell Zwecker ze verhënneren. Am Virfeld goufen et a Frankräich Ermëttlunge wéinst Bedruch, Drogenhandel, Online-Mobbing, organiséiert Kriminalitéit a Fërderung vun Terrorismus op dëser Plattform. Dofir gouf och en Haftbefeel géint de Pawel Durow ordonéiert.

Wéi hien du vun Aserbaidschan a Richtung Paräis geflunn ass, huet déi franséisch Police hien um Samschdeg den Owend festgeholl. Den zoustännegen Untersuchungsriichter huet um Sonndeg decidéiert, d’Haft fir weider Auditiounen ze verlängeren.

Telegram huet iwwerdeems um Sonndeg den Owend e Statement ofginn, an deem et heescht, den Telegram-Chef hätt näischt ze verstoppen. Hie géif dacks an Europa reesen. Telegram géif sech un déi europäesch Gesetzer halen an d’Moderatioun vum Contenue wier “branchenüblech”. Et wier “absurd”, eng Plattform oder hire Chef “fir de Mëssbrauch vun dëser Plattform” verantwortlech ze maachen, sou déi schrëftlech Erklärung vun Telegram.

Den Online-Déngscht gëtt et zënter 2013. Déi alternativ Plattform soll zu der Verbreedung vu Falschinformatioune bäigedroen hunn, dofir gouf 2019 eng Begrenzung fir d’Deele vun Informatiounen agefouert. Dës weidere refuséiert Telegram Donnéeë vu sengen Notzer erauszeginn, och wann et am Kader vu Strofdoten ass. Dat erméiglecht et den Notzer op der App anonym ze bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO