D’Ursaach vum schwéiere, militäresche Verloscht fir de Kreml wier e Brand u Bord gewiescht, duerch deen et zu Explosioune vu Munitioun komm wier: en Accident also! D’Ukrain behaapt weiderhin, d’Schëff mat zwou Rakéiten ofgeschoss ze hunn.
Um Donneschdeg, um 50. Dag Krich, huet de President Zelenskiy dem Vollek säi Courage a seng Determinatioun gelueft. 50 Deeg huet ee bis ewell ausgehalen – an aller Arroganz hat de Feind dem Land um Ufank 5 Deeg ginn. D’Moskva, dat russescht Schëff, ass net méi do. Et ass eng batter Humiliatioun fir de Kreml, och wann et – wéi Russland nach ëmmer behaapt – en Accident sollt gewiescht sinn. Zu Sebastopol op der Krim koumen um Freideg e puer Leit zesumme fir eng Gedenkfeier, mee d’Blamage sëtzt déif.
Wor et da wierklech en Accident oder gouf d’Schëff awer effektiv vun der Ukrain ofgeschoss? Fir en Accident bräicht de Kreml jo keng Revanche-Attacken unzekënnegen. Vu Revanche-Attacke schwätzt awer déi russesch Noriichtenagence RIA Novosti.
An effektiv goufen et fir d’éischt zanter laangem an der Nuecht op e Freideg erëm russesch Bombardementer mat Mëttelstreckerakéiten op d’Haaptstad Kiew. 13 militäresch Ziler wiere getraff ginn. Kuriéiserweis dorënner och d’Bürosgebai vun där Fabrick zu Vychneve, südwestlech baussent Kiew, wou déi ukrainesch Neptun-Missile gebaut ginn, mat deene Kiew behaapt, d’Moskva versenkt ze hunn. Déi Versioun vun der Geschicht schéngt elo och ouni Confirmatioun ëmmer méi plausibel.
Déi ukrainesch Autoritéite riichten en Appell un d’Populatioun Uecht ze doen, wa se an de Viruerter vu Kiew zréckginn an hir Haiser, an deene sech wärend der Besatzung russesch Truppen opgehalen hunn. Et gouf scho Verwonnter, well a villen Heemer si Gäert verminnt oder an den Haiser goufe Sprengfalen hannerlooss. Bis ewell sinn iwwer 6.600 presuméiert Krichsverbrieche an der Ukrain notéiert ginn. 198 Kanner wieren dem Procureur général zu Kiew no an den 51 Deeg Krich ëmkomm.
Zu Moskau mécht sech eng Fra Suergen ëm hire Mann, den ukraineschen Oligarch a virbestroofte Staatsverréider Viktor Medvedchuk, deen op der Flucht dës Woch nach an der Ukrain gepëtzt gouf. Si geet dovun aus, dass hire Mann no der Festnam net just net gekämmt, mee och nach gepéngegt gouf, a riicht en Hëllefsappell un den tierkesche President Erdogan.
D’Oksana Marchenko, Fra vum Viktor Medvedchuk:
“Ech mengen, esou e staarke President Erdogan kann ee schwaache President Zelenskiy influenzéieren. An ech si mer sécher en héiert mech a mécht dat wat néideg ass, fir mäi Mann aus de Folterkellere vum ukrainesche Sécherheetsdéngscht erauszekréien.”
Zu Mariupol um Azov-Mier steet de Kreml awer elo méiglecherweis kuerz virdrun d’Kontroll z’iwwerhuelen iwwert déi éischt gréisser Stad an der Ukrain. Déi lescht Garde vun der ukrainescher Resistenz an och Deeler vum ultra-nationalisteschen Azov-Regiment hale verbattert déi 11km carré vun engem Stolwierk am Hafen, wou se vu russeschen Truppen ëmstallt sinn.