
Am berüümte Krüger-Nationalpark a Südafrika ass een Touriste vun engem Elefant ëmbruecht ginn. Wéi déi Responsabel vum Park an der Nuecht op e Sonndeg matgedeelt hunn, gouf den Tourist e Samschdeg vun engem Elefant attackéiert an dout getrampelt. Wéi et vum Park heescht, géing een zu engem spéideren Zäitpunkt weider Informatiounen zu de geneeën Ëmstänn vum Virfall bekannt ginn. Et gouf och den Appell gemaach, keng Fotoen a Videoe vum “tragesche Virfall” op de Soziale Medien ze verëffentlechen.
Den 20.000 Quadratkilometer grousse Krüger-Nationalpark ass de gréisste Safaripark a Südafrika. Visiteure gëtt geroden, baussent de gesécherte Plazen am Auto sëtzen ze bleiwen.