Sechs DoudegerTouriste-Schëff virun ägyptescher Küst ënnergaangen

RTL Lëtzebuerg
E Boot mat Touristen u Bord ass virun der Küst vun der ägyptescher Stad Hurghada ënnergaangen.
Den Hafe vun Hurghada
Den Hafe vun Hurghada
© GERAULT GREGORY / HEMIS.FR / hemis.fr / Hemis via AFP

Arabesche Medien no sollen op d’mannst sechs Persounen dobäi ëm d’Liewe komm sinn. 19 weiderer wiere schwéier blesséiert ginn an 29 hätte sech kënnen onverletzt retten. D’Doudesaffer an d’Blesséierter wieren a Spideeler an der Géigend vun der Stad bruecht ginn.

D’Schëff vun der Entreprise Sindbad Submarines wier den Ament vum Accident ënnerwee, fir bei e Koralleriff am Roude Mier gewiescht. Firwat et ënnergaangen ass, ass den Ament nach net gewosst.

Hurghada läit ronn 460 Kilometer ëstlech vu Kairo un der Küst vum Roude Mier an zielt zu den touristeschen Héichbuerge vun Ägypten. Vill Touriste maache vun hei aus Ausflich bei Koralle-Riffer an Inselen am Roude Mier.

Back to Top
CIM LOGO