
De Mann gouf schonn am Mee 2020 vun engem Geriicht zu Leipzig wéinst Verstouss géint d’Openthaltsgesetz an der Fälschung vun offiziellen Dokumenter zu 100 Deeg Prisong verurteelt. Amplaz vum Prisong konnt hien awer och eng Strof vun 2.200 Euro bezuelen.
Nieft der onerlaabter Arees an Däitschland soll hien an zwee Fäll eng gefälscht rumänesch Carte d’identité virgewisen hunn.
De Mann gouf festgeholl, e Bekannte vun him huet d’Strof dunn awer fir hie bezuelt an e koum nees op fräie Fouss.