Sträit ëm US-TaxenTrump a Starmer annoncéieren "historeschen" Handelsaccord

RTL Lëtzebuerg
Am Taxe-Sträit hu sech d'USA a Groussbritannien op en Handelsaccord gëeenegt. Den US-President huet den Accord "historesch" a "revolutionär" genannt.
© AFP

Och de brittesche Premier Keir Starmer huet an enger Videoiwwerdroung mam Trump vun engem “historeschen Dag” geschwat. D’Eenegung ass déi éischt, zanterdeem den Donald Trump viru gutt engem Mount méi héich Taxe fir sëllegen Handelspartner weltwäit annoncéiert hat.

Dem Trump no mécht den Accord de brittesche Marché fir Agrarproduiten aus den USA op. Den US-President sot, d’Ofkommes géing deemno e méi einfachen Accès op de Marché fir US-Exporter a Milliardenhéicht erméiglechen. Dat géing fir Rëndsfleesch, Ethanol a weider landwirtschaftlech Produite gëllen. Doriwwer eraus sinn nei brittesch Milliardenopträg beim US-Fligerconstructeur Boeing geplangt. Britteschen Informatiounen no ass den Accord nëmmen en “Ufank” a muss weider ausgeschafft ginn.

Am Géigenzuch huet Groussbritannien dem Büro vum Starmer no erreecht, datt d’US-Taxe fir brittesch Autoe vun aktuell 27,5 % op 10 % erofginn. Dat wier e “gewaltegen a wichtege Rabatt”, sot de Starmer. Dem US-Handelsminister Howard Lutnick no ass fir d’Luxusmark Rolls Royce, déi Motoren u Boeing verkeeft, ausserdeem eng Ausnam virgesinn. “Mir hunn eis dorop gëeenegt, datt Rolls-Royce-Motoren a sou Fligerdeeler ouni Taxe komme kënnen”, sot de Lutnick en Donneschdeg.

Fir de britteschen Ambassadeur an den USA, de Peter Mandelson, ass den Accord en “Ufank”. D’Ofkommes misst elo weider ausgeschafft ginn. Uganks hat den Trump den Accord “vollstänneg an ëmfaassend” genannt. Beim Optrëtt am Wäissen Haus huet hie preziséiert, et kéint ëmmer nees nogebessert ginn. Handelsofkommes gëllen als juristesch komplizéiert a ginn normalerweis méinte- wann net jorelaang ausgeschafft.

Mat der Europäescher Unioun wéilt den Trump en änlechen Accord. Hien huet eng éischte Kéier e Gespréich mat der EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen confirméiert, déi am Numm vun der EU mat den USA verhandelt. D’von der Leyen wier “fantastesch”, sot den Trump. D’EU hat den USA virdru mat Taxen op US-Autoen a -Fliger gedreet, sollten d’Verhandlunge mat der US-Regierung scheiteren.

Och mat China wëll den Trump sech eenegen. E Samschdeg ass en éischt Gespréich op Ministerniveau an der Schwäiz geplangt. Den Trump hat d’Volleksrepublik mat den héchsten Taxe vun 145 % beluecht. Peking hat mat Géigentaxe vun 125 % reagéiert.

Den Zäitpunkt fir den Accord mat Groussbritannien huet den Trump “perfekt” genannt. “Haut ass den Dag vun der Victoire vum Zweete Weltkrich”, sot de Rietspopulist mat Bléck op d’Gedenkfeieren an Europa fir den 8. Mee, den Dag vun der däitscher Kapitulatioun 1945. Den US-President huet den 8. Mee e Mëttwoch offiziell als “Dag vun der Victoire” ëmbenannt, fir d’Leeschtunge vun der US-Arméi ze feieren.

Den Dag vun der Annonce vun den Taxen den 2. Abrëll hat hien als “Befreiungsdag” bezeechent. Den Trump reprochéiert den internationalen Handelspartner, d’USA mat hiren Exporter “iwwer den Dësch ze zéien”. Säin Zil ass et, Investissementer an Aarbechtsplazen zréck an d’USA ze bréngen. Ekonome geheien him dogéint vir, d’Ekonomie an d’Finanzmäert weltwäit an Onsécherheet gepucht ze hunn an d’Inflatioun ze verstäerken.

Back to Top
CIM LOGO