Bis zu 250% op MëllechTrump menacéiert Kanada eng weider Kéier mat Stroftaxen

RTL Lëtzebuerg
Eng weider Kéier huet den US-President dem nërdlechen Noper mat neien Importtaxe gedréit: Dës kéinte sech op bis zu 250% op Mëllechproduite belafen.

Knapp een Dag, nodeem den US-President Donald Trump proposéiert hat, fir d’Stroftaxe fir Kanada ee Mount méi spéit a Kraaft trieden ze loossen, huet hien e Freideg nees mat neien Taxe gedréit: Dëst Kéier op Holz- a Mëllechproduiten. Esouguer d’US-Medien wéi CNN hunn doduerch aktuell d’Gefill, datt ech d’Meenung am Wäissen Haus zu all Moment kann änneren.

“Kanada huet eis zanter Jore mat Holz- a Mëllechproduiten ofgezunn”, esou den Trump a Freideg. Kanada hätt dem US-President no 250% Importtaxen op US-Mëllechproduiten. Dofir wëll den US-President och d’US-Taxen op dat selwecht erhéijen.

“Vläicht maache mir dat haut oder muer, vläicht waarde mer och bis e Méindeg oder Dënschdeg. [...] Mir wäerten dat selwecht verrechnen. Et ass net fair. Et war ni fair a si behandelen eis Bauere ganz schlecht.” Weider huet den US-President och annoncéiert, datt een an Zukunft mat “Changementer an Upassungen” bei den Importtaxe misst rechnen.

Vläicht wëll hie mat senger On-Off-On-Off-Strategie d’Staats- a Regierungscheffen aus anere Länner duerchernee maachen, ma op alle Fall mécht hien de Marché duercherneen, seet den Strategist fir déi international Mäert Michael Block am Interview mat CNN. “De Maart seet, hal op eis duercherneen ze maachen. Mir hunn dat net gär”.

Sinn d’Taxen a Kanada esou héich?

Effektiv ginn et op verschidde Mëllechproduiten, déi vun den USA a Kanada geliwwert ginn, héich Taxen. Ënner anerem freet den nërdlechen Noper 241 Prozent bei der Mëllech. Dat verstéisst och net géint en Handelsofkommes, datt tëscht Kanada an den USA besteet. Interessanterweis war et den Donald Trump, deen a senger éischter Amtszäit d’USMCA-Ofkommes ënnerschriwwen hat. Wéi CNN weider schreift, wäert dës Menace Kanada awer wéineg betreffen, well d’Mëllech, déi vu Kanada an d’USA geliwwert gëtt, just e minimale Prozentsaz vun den Exporter ausmécht.

E Samschdeg hat den Trump schonn en Dekreet ënnerschriwwen, fir méi Holz am eegene Land ze schloen an esou manner importéieren ze mussen. Zwar hunn d’USA ronn 300 Milliarde Beem, awer aktuell feelt et un der Infrastruktur, datt d’Land säin eegene Bedarf kann decken. Sollt keen Holz méi aus Kanada kommen oder sollt dat duerch Stroftaxe méi deier ginn, wäerten Ekonomisten, datt d’Präisser fir villes an den USA géifen erop goen. Aktuell importéiert ee ronn 30 Prozent vum “Softwood lumber” aus Kanada. Do leien 14,5 Prozent Importtaxen drop, wéi CNN schreift.

Back to Top
CIM LOGO