
Virop misst een dem amerikanesche Politikwëssenschaftler Jared Sonnicksen no bedenken, dass d’Walen an den USA staark Persounen-zentréiert sinn, also dass den eenzele Kandidat eng grouss Roll spillt. Dat hätt engersäits mam Walsystem ze dinn, an deem de President jo quasi-direkt gewielt gëtt, anerersäits awer och domat, op wéi eng Aart a Weis d’Medien d’Walen an de Walkampf behandelen.
Selbstverständlech géifen d’Wieler hir Decisioun och un den Inhalter vun de Parteie festmaachen. Allerdéngs géif et duerchaus virkommen, dass Leit fir eng Partei géife stëmmen, där hir Politik hinnen eigentlech net zegutt kënnt. Dat kéint een nëmmen erklären, wann een unerkennt, dass d’Wieler hier Decisioun och un der Perséinlechkeet vun de Kandidate festmaachen. D’Kandidate wiere sech deem och bewosst a géife versichen, sech entspriechend ze presentéieren.
Dass den eenzele Kandidat e wichtegen Afloss op d’Decisioun vum eenzele Wieler huet, erkennt ee besonnesch gutt dorun, wéi oppen d’Wal nees ass, zanterdeem d’Kamala Harris den Joe Biden als Kandidat vun den Demokraten ersat huet. Mat der Nominéierung vun der Kamala Harris wier e richtege Ruck duerch d’Demokratesch Partei gaangen, deen dës mobiliséiert hätt. Och wann nach net kloer wier, wéi gutt d’Harris an hire Vizepresidentschaftskandidat Tim Walz déi ondecidéiert Wieler kënnen uschwätzen, wier et wichteg, dass d’Demokraten nees neien Elan kruten.
Och wann dat net den eenzeg decisive Facteur wier, wier d’Nominéierung vun der Kamala Harris wichteg fir d’Demokrate gewiescht. Duerch dës géifen d’Demokraten nees op engem Niveau mat de Republikaner agéieren. An dat net nëmme wat d’Ëmfro-Wäerter betrëfft. Méi wichteg wier dem Jared Sonnicksen no, dass béid Kandidate sech an hire jeeweilege Vir- an Nodeeler géigesäiteg d’Wo halen.
