US-WalenTrump/Vance – Event: "Du bass hei (als auslännesche Journalist) net wëllkomm"

Annick Goerens
"Se sinn net ganz frou mat Journalisten. Scho guer net mat auslänneschen". Dat ass e Constat deen eis Journalistin Annick Goerens mécht.
Trump/Vance – Event: "Du bass hei (als auslännesche Journalist) net wëllkomm"
D’RTL-Journalistin Annick Goerens war op engem Walkampf-Event vum Vizepresidentschaftskandidat J.D. Vance. D’auslännesch Reporterin war awer net erwënscht.

Si war e Samschdeg de Moien op engem Walkampf-Evenement vum republikaneschen Vizepresidentschaftskandidat J.D. Vance. Annick, wat ass genee geschitt?

Ech war virun e puer Deeg beim Kamala Harris zu Las Vegas. An wann een déi eng politesch Säit couvréiert, dann wëll een natierlech och déi aner Säit weisen. Dunn koum d’Nouvelle, dass de republikanesche Vizepresidentschaftskandidat JD Vance och nach wäert an der Sin City passéieren. Ech hunn natierlech direkt eng offiziell Akkreditatioun als Journalistin ugefrot. 3 Stonnen duerno krut ech meng Demande refuséiert. Ouni Grond. Dat ass wuel einfach sou.

Trump/Vance – Event - Reportage Annick Goerens

Keng Akkreditatioun? Dann ginn mer als “normale” Bierger lauschteren

Ech hunn dunn eng sougenannt “General admission” ugefrot, also dat wat all normale Bierger do kann maachen. Déi gouf ugeholl. E Samschdeg de Moien fréi um 7 Auer sinn ech Richtung Whitney Recreation Centre gefuer. Op der Plaz ukomm, goufen et eng Rei Stänn déi Trump T-Shirten, Fändelen, Magnéiter, Tasen... jee alles verkaaft hunn, wou Trump drop stoung oder Maga, also Make America Great Again, dra war. Ech wousst nach net, op ech géing erakommen, also hunn ech mol direkt een Interview gemaach mat der Fra, déi d’Gadgeten verkaf huet. Firwat den Trump?

“Majo fir d’éischt mol, huet hie sech jo schonn als President bewisen. D’Ekonomie hat deemools ganz vill Succès. An et goufe manner Kricher. An hie war ëmmer pro “Grenz”. An zu dem Zäitpunkt huet all Mënsch hien e Rassist genannt, well hien eng Mauer wollt bauen. Do gouf et vill Géigewand.”

Stéiert si sech net um Trump seng Aussoen iwwer Fraen?

“Ech mengen doriwwer ginn vill Ligen op de lénks-orientéierte Medie gezielt. Hien ass fir Fraen. Si stellen et esou duer, wéi wann dat net de Fall wier. Rezent huet hie gesot, et géinge Leit iwwer d’Grenze kommen an et wier net sécher fir Fraen. Dunn huet een Anere gesot, hien dierft dat net esou soen. An hien sot dunn, dat wier him egal, hie géing Fraen trotzdeem protegéieren.”

Du sinn ech an den Security Check gaangen. Keen Problem ech koum eran. Dem Vance säin Optrëtt war an enger mëttelgrousser Turnhal. Et wäerte maximal 500 Leit do gewiescht sinn. Dobannen hunn ech mer Zäit geholl mat ville Leit ze schwätzen an ze froen, wat hinne uewe läit. Ech hat just een Smartphone derbäi (well ee soss näischt duerft mat eranhuelen, kee Rucksack, keng Posch) mat deem ech Interviewen opgezeechent hunn. Ech war knapps mat engem Interview fäerdeg, do hu mech 2 Männer aus dem Organisatiounsteam ganz brüsk op d’Säit gezunn. Si ware vun engem Mann alertéiert ginn, dee sech anscheinend u menge Froen gestéiert hätt. Eng drëtt Persoun huet sech hannert mech gestallt a si hu mech ëmkreest. Si hu meng Identitéit gefrot an et hat keng Minutt gedauert, dunn hu se gesinn, dass ech eng Akkreditatioun ugefrot hat, mee keng krut hunn.

She’s not welcome here

Si hunn dunn ugefaange ganz haart ze soen, ech wier net wëllkomm. Ech misst direkt goen. Ech hätt mech illegal erageschlach. An enger klenger Hal hunn natierlech vill Trump-Supporter dat matkritt an dunn goung d’Gejäiz un. “Democrat Bitch”, “Spy”, “Fake News Media” an et war mer op eemol net méi egal. Ech war eleng an d’Leit hu mech ganz elle beleidegt a mer vill komesch Saachen un de Kapp geheit. Ee vum Organisatiounsteam huet mech permanent Richtung Sortie fort gedréckt, gejuppt an dunn allen kloer gemaach, “she’s not welcome here”. Bannen an der Hal waren et Fräiwëlleger vum Trump sengem Organisatiounsteam, baussen dunn offiziell Police-Beamten, wou ech mech nees méi sécher gespuert hunn. Ee vum Trump senger Equippe ass mer allerdéngs nach bis bal bei den Auto nogaangen an huet mer nach déi eng oder aner Frëndlechkeet un de Kapp gehäit.

Och mat Argumenter kënnt een net wäit

Argumentéieren a kloerstellen, dass ech kengen béis gewëllt wier, mee einfach meng Aarbecht als Journalistin maache wollt, huet net gehollef. Ech si sur place fir ze verstoen, firwat Leit den Donald Trump oder d’Kamala Harris wielen, net fir ze jugéieren.

Dat interesséiert beim Trump allerdéngs keen. Vertrauen an d’Medien ass hei komplett verschwonn.
Sou léisst sech net propper schaffen.

An domat vun Phoenix, Arizona zeréck op Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO