"Entweder Dir sidd korrupt oder Dir sidd domm"Trump verléiert Fassung a brécht Interview of

RTL mat AFP
An engem Interview mam US-Sender NBC huet den US-President ugefaangen, d'Moderatorin ze beleidegen, wéi hien ëmmer nees gefrot gouf, Beweiser fir seng onbegrënnt Behaaptunge vu méiglechem Walbedruch ze liwweren.
© Photo by SAUL LOEB / AFP

Den Donald Trump hat e Freideg un engem Interview fir den US-Sender NBC deelgeholl, dat e Sonndeg diffuséiert gouf. D'Gespréich war am Schloreen ënnerdaach vun enger Scheier am Wisconsin opgeholl ginn, wou den Trump virdrun nach virun enger Rei Bauere geschwat hat. Wärend hie bei kritesche Froen, beispillsweis iwwert seng Iran-Krichsstrategie, nach standhaft bliwwen ass, huet den US-President dann awer d'Fassung verluer, wéi d'Moderatorin hien ëmmer nees mat sengen onbegrënnte Behaaptungen iwwert e méigleche Wal-Bedruch konfrontéiert huet.

Trump verléiert Fassung a brécht Interview of
An engem Interview huet den Trump ugefaangen, d'Moderatorin ze beleidegen, wéi hien ëmmer nees gefrot gouf, Beweiser fir seng onbegrënnt Behaaptungen ze ginn

"Dir sidd eng eesäiteg, korrupt Chaîne. Deet mer Leed. Loosse mir et sinn, well ech hu genuch. Merci, 'Darling'. Vill Spaass nach", sot den Trump zu der "Meet the Press"-Moderatorin Kristen Welker, éier hien opgestanen a fortgaangen ass.

Wéinst dem schlechte Wieder an och Tounprobleemer war den Interview virun deem Virfall ëmmer nees kuerz ënnerbrach ginn. Och de Reen, deen déi ganzen Zäit relativ haart ze héiere war, huet dem Gespréich net grad gehollef.

"Ass dat Wand oder wat?", huet den Trump op eemol wärend dem Interview gefrot. "Héiert Dir dat Geräisch?", sot hien a wollt ufanks nach, datt den Interview net sollt ofgebrach ginn. "D'Leit wäerten et verstoen - mir sinn op engem Bauerenhaff."

Doropshi goufen eng Rei Froen zum Iran, Atomwaffen an zu sengem Walverspriechen, d'USA aus auslännesche Kricher erauszehalen, gestallt. "Fir d'éischt emol hunn ech kee Krich garantéiert. Firwat hätt ech soss dat stäerkst Militär vun der Welt opgebaut?", sot en an huet der Welker dorpshi virgeheit, "eng grouss Liberal, eng grouss Progressiv" ze sinn. "Nee, ech si just eng Journalistin", huet si dorops geäntwert.

Den US-President huet da weidergemaach: "Ech hunn dës endlos Kricher net gär. Dat hei ass keen endlose Krich. Mir maachen dat elo zanter dräi Méint."

Den Toun ass dann ee gutt Stéck méi haart ginn, wéi sech d'Diskussioun op dem Trump säi proposéiert, aus Steiergeld finanzéiert Programm fir d'Entschiedegung vu Mënsche verlagert huet, déi senger Meenung no ënner sengem Virgänger Joe Biden Affer vu parteiescher Strofverfollgung gi waren. "Ech weess net, wat mat deem 'Weaponization Fund' geschéie wäert", sot en. "Ech fannen d'Iddi groussaarteg, well Leit wéi Dir, déi falsch, dreckeg Press, déi korrupt Press, Leit wéi deen domme Biden ... si hu Mënsche ruinéiert. Si hu Mënschen an de Prisong geschéckt, déi näischt Falsches gemaach hunn."

"Et gi keng Beweiser dofir, wat Dir do sot", huet d'Welker doropshi geäntwert. Den Trump huet dobäi seng fréier falsch Behaaptungen, d'Wal 2020 wier "manipuléiert" gewiescht, widderholl, a sot, datt dat selwecht och fir d'Virwalen d'lescht Woch a Kalifornien gegëllt hätt. D'Welker ass standhaft bliwwen an huet den US-President opgefuerdert, Beweiser virzeleeën.

"Entweder Dir sidd korrupt oder Dir sidd domm", huet den Trump reagéiert, éier hien aus der Kamera gaangen ass, wärend d'Moderatorin Welker weider probéiert huet, hien am Gespréich ze halen.

E Sonndeg huet d'Welker de Spectateure matgedeelt, datt si e Samschdeg nom Interview mam Trump iwwert d'Wiederstéierunge geschwat hätt an datt hien zougestëmmt hätt, fir ee weideren Interview ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO