
Nom Militärasaz a Venezuela huet den US-President Donald Trump e Sonndeg d’Suerge virun enger méiglecher Annexioun vu Grönland mat neien Aussoen ugedriwwen. “Mir brauche Grönland wéinst der nationaler Sécherheet, an Dänemark wäert net dozou an der Lag sinn”, sou den Trump e Sonndeg u Bord vun der Air Force One. “Mir wäerten eis a ronn zwee Méint ëm Grönland këmmeren”, seet den US-President weider. “Loosst eis an 20 Deeg iwwer Grönland schwätzen.”
Déi dänesch Ministerpresidentin Mette Frederiksen hat Washington de Weekend opgefuerdert, “Menacë géint en historeschen Alliéierten” anzestellen. “Ech muss dëst ganz kloer un d’USA soen: Et ass absolut absurd ze soen, datt déi Vereenegt Staaten d’Kontroll iwwer Grönland iwwerhuele sollen.” Donieft huet si betount, datt Dänemark “an domat och Grönland” en Nato-Member wieren a sou och duerch Sécherheetsgarantië vum Bond geschützt sinn.
Schonn an engem Interview mat “The Atlantic” gouf den Trump gefrot, wat den Asaz a Venezuela fir Grönland bedeite géif. “Dat wäert der Iech selwer ukucke mussen. Ech weess et wierklech net”, sot den Trump als Äntwert an huet preziséiert: “Mee mir brauche Grönland onbedéngt. Mir brauchen et fir d’Defense.”
Weidert Onverständnes gouf et wéinst enger Foto, déi d’Katie Miller, d’Fra vum Stephen Miller, engem vun de wichtegste Beroder vum Trump, op de Soziale Medie publizéiert huet. Dorop ze gesinn ass eng Kaart vu Grönland an de Faarwe vum US-amerikanesche Fändel an der Iwwerschrëft “soon”, also “geschwënn”.
Dëse Bäitrag huet de Regierungschef vu Grönland Jens-Frederik Nielsen “respektlos” genannt. Och vis-à-vis vum Trump huet hie kloer signaliséiert, datt et “elo géif duergoen”. “Keen Drock méi. Keng Ënnerstellunge méi. Keng Annexiouns-Fantasië méi. Mir sinn oppe fir en Dialog. Mir sinn oppe fir Diskussiounen. Mee dat muss duerch déi richteg Kanäl an am Respekt vum internationale Recht geschéien”, sou de Premier e Sonndeg den Owend op Facebook.