USA reagéieren op Ukrain-KrisTruppe ginn a Grenzregioune verluecht, Treffen tëscht Ausseminister ass ofgesot

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend ass den US-President Joe Biden an enger Pressekonferenz op d'Situatioun an der Ukrain agaangen an huet Mesuren annoncéiert.

“Dat war den Ufank vun enger russescher Invasioun” huet den US-President Joe Biden seng Ried en Dënschdeg den Owend ugefaangen. “Wie mengt de Putin, gëtt him d’Recht, sougenannt nei Länner unzëerkennen op engem Territoire, dee sengen Nopere gehéiert?”, esou den US-President weider.

D’USA hu Sanktioune géit Russland annoncéiert, déi haaptsächlech d’Russe sollen treffen. Ma och wäerte se Auswierkungen op d’US-Ekonomie an d’US-Bierger hunn, déi d’Regierung awer esou gutt wéi méiglech wëll offiederen. Et wier mol en éischte Pak mat Sanktiounen an et hätt ee sech mat de Partner och nach op méi strikter gëeenegt, déi een awer emol a Reserve hale wéilt, esou den US-President.

Zil wier et, et Russland méi schwéier ze maachen, nei Kreditter opzehuelen oder Scholden ze maachen. Ënner anerem dat huet den US-President annoncéiert. Den däitsche Kanzler Scholz huet iwwerdeems confirméiert, datt d’Aarbechten un der Pipeline “Nord Stream 2", déi Gas aus Russland an Däitschland soll transportéieren, net géife weidergoen.

Fir d’USA ass et kloer, datt Russland den Aggresseur an dësem Fall ass. Et wëll ee mat Russland schwätzen, ma et géif een d’Land un deem moossen, wat et mécht, an net zu deem, wat de President Putin seet, präziséiert den Demokratesche President am Wäissen Haus. Kuerz drop awer koum d’Annonce vum US-Ausseminister Blinken, datt hie sech net wéi geplangt mat sengem russeschem Homolog wéilt zu Genf treffen, fir e méigleche Sommet tëscht Biden a Putin virzebereeden.

Informatioune vun den USA no géif et net just beim Amarsch vu russeschen Truppen an déi zwou Provënzen Donezk a Luhansk bleiwen, déi de Putin jo schonn als Volleksrepublicken unerkannt huet. Villes deit drop hin, datt Russland d’Terraine vun den zwou Regioune wéilt vergréisseren.

Fir op méiglech Geforen ze reagéieren, huet d’USA och annoncéiert, méi Truppen un d’Grenzen ze schécken. Betraff wieren hei emol haaptsächlech Polen, Litauen, Lettland an Estland, déi jo alleguer no u Russland ma och no u Belarus, wou Russland Truppe stationéiert huet, leien. Dofir wäerten eng 800 Zaldoten an 32 Helikopter respektiv Jets vun Italien aus an déi Regioune verluecht ginn. Zil wier et net, fir Russland domadder unzegräifen, mä d’Nato-Alliéiert viru méiglechen Aggressiounen ze schützen, esou den US-President.

Back to Top
CIM LOGO