
Et sinn turbulent Zäiten an der Politik vun Däitschland, déi vill vun den ustoende Reaktiounen op déi gesellschaftlech Turbulenze pauséieren oder an den Hannergrond réckelen – sief et Upassungen un de globale Klimawandel, d’Diskussiounen iwwer d’Upassung vum Mindestloun a Kannergeld, de klammende Bäiträg fir Krankeversécherungen oder d’Liwwerkettegesetz.
Zanter dem Olaf Scholz senger Ukënnegung vu virleschter Woch, de Finanzminister Christian Lindner ze entloossen, ass déi däitsch Ampelregierung no dräi Joer endgülteg auserneegebrach. Nach 2021 als „Koalitioun vum Progrès“ ugekënnegt, gouf dësen Elan allerdéngs séier duerch intern Differenzen tëscht den dräi bedeelegte Parteien an de Wirtschaftspläng vun der neoliberaler FDP ausgebremst.
“Diese Entscheidung war richtig und sie war unvermeidlich. Zugleich habe ich klargemacht, dass es bald Neuwahlen in Deutschland geben soll und diese durch eine Vertrauensfrage des Bundeskanzlers herbeiführen werden”, betount den aktuelle Bundeskanzler Olaf Scholz vun der SPD en Donneschdeg virum Bundestag.
Mat dem Scholz senger Ukënnegung gouf ganz Däitschland an de Walkampf katapultéiert, iwwerraschend a vill méi frei wéi geplangt. Feststeet, dass den 23. Februar 2025 Neiwalen ofgehale kënne ginn a sech den Olaf Scholz an déi aktuell Regierung – ouni FDP – Mëtt Dezember der Vertrauensfro virum Bundestag stelle wäerten, wou se allerdéngs keng Majoritéit méi hunn. Dat kéint och en Doudesurteel fir all Gesetzesprojet vun der zerbrachener Regierung sinn, déi nach virun Enn des Jores hätte votéiert solle ginn. Och wann déi aktuell Regierung nach beschlossfäeg ass, gëtt vu Säiten CDU/CSU haart däitlech gemaach, dass si eleng an Hisiicht op den ustoende Walkampf Decisioune blockéiere kéinten.
“Tun Sie nicht so, als ob Sie in der Schlussphase Ihrer Regierung noch etwas bewirken können. Sie hätten jahrelang, monatelang, wochenlang dazu Zeit gehabt, dies mit uns zu maachen. Sie haben es abgelehnt. Wir sind nicht der Auswechselspieler für Ihre zerbrochene Regierung.”, sou de Friedrich Merz, zukünftege Kanzlerkandidat vun der CDU/CSU.
Ëmmerhin suergt déi aktuell Debatt fir nei Energie en vue vun de groussen Erausfuerderungen, deene sech Däitschland stelle muss an déi elo am Walkampf-Tounfall op den Dësch geluecht ginn. Dat huet net eleng déi weeweisend Ried vum Olaf Scholz bei der Entloossung vum Christian Lindner bewisen, mee geet och aus den Discourse vun den anere Parteien ervir, wéi zum Beispill d’Annalena Baerbock, déi aktuell Ausseministerin vun de Gréngen, mat Bléck op d’international Politik a Bezéiunge betount:
“Unsere Antwort kann deswegen nicht sein – wenn die USA jetzt sagen: America first! – Germany first. Sondern die Antwort muss sein: Europe United. Mit einem starken Deutschland, das bereit ist zu führen, Verantwortung zu übernehmen für den Frieden in Europa.”
Et wäert an den nächsten Deeg a Wochen nach héich hiergoen.