Wéinst schwéiere MenacenTV-Sender "Iran International" zu London soll aus Sécherheetsgrënn zoumaachen

RTL Lëtzebuerg
D'Tëleeschaîne "Iran International" mat Sëtz zu London krut vun der Police un d'Häerz geluecht, fir hir Studioen an der brittescher Haaptstad zouzemaachen.
De Studio, deen d'Chaîne zu Washington huet, wäert awer weider opbleiwen.
De Studio, deen d’Chaîne zu Washington huet, wäert awer weider opbleiwen.
© AFP

Hannergrond wier d’Hausse vun de Menacë géint de persesch-sproochege Privatsender, déi vill iwwer d’Protester am Iran informéieren. D’Menacë wieren zum groussen Deel och vum Iran supportéiert, sou heescht et weider.

D’Journaliste géingen elo vun doheem aus weiderschaffen. Déi brittesch Police hat Bedenke wéinst der Sécherheet. E Porte-Parole vun der brittescher Regierung huet awer och wëssen gedoen, dass ee kee “Menacéiere vu Medien” géing acceptéieren.

Back to Top
CIM LOGO