Attack op jiddesch Communautéit zu SydneyUgräifer vum Bondi Beach solle sech "akribesch" op Attentat virbereet hunn

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
D'Täter vum Bondi Beach zu Sydney hunn dat antisemittescht Attentat "akribesch" preparéiert. Si hu souguer virun der Dot e Video opgeholl, an deem si géint "Zioniste" ginn.
Die Attentäter vom Bondi Beach in Sydney haben ihren antisemitischen Anschlag mit 15 Todesopfern nach Polizeiangaben "akribisch" vorbereitet. Die späteren Attentäter nahmen zudem vor der Tat ein Video auf, in dem sie gegen "Zionisten" wetterten.
© NSW Courts/AFP

Déi presuméiert Attentäter vum Bondi Beach hunn d’Attentat mat 15 Doudegen den Ermëttler no “akribesch” virbereet. Wéi et aus de verëffentlechte Geriichtsdokumenter ervirgeet, waren déi zwee Täter Sajid an Naveed Akram e puer Deeg virun der Attack schonn op der Plage, fir sech d’Plaz unzekucken. Den australesche Premier Anthony Albanese huet méi streng Gesetzer géint Extremismus gefuerdert.

Den Ermëttler no hunn d’Männer sech “vill Méint laang” op d’Attack preparéiert. Deemno hu si “Schosswaffen-Trainingen” baussent der Stad organiséiert, dat warscheinlech am Bundesstaat New South Wales. Op Biller waren déi zwee beim Schéisse vu Schroutflënten ze gesinn, woubäi si sech den Ermëttler no op eng “taktesch Aart a Weis” beweegt hunn.

Virum Attentat hunn déi zwee e Video opgeholl, an deem si géint “Zioniste” ginn. Um Handy vun engem vun deenen zwee gouf eng Opnam fonnt, op där si virun engem Fändel vun der Dschihadistemiliz Islamesche Staat stinn, en Auszuch aus dem Koran zitéieren an iwwer “hir Motiver” geschwat hunn.

Wärend enger Attack virun enger Woch hunn déi presuméiert Attentäter den Ermëttler no och Sprengsätz an d’Leit um Bondi Beach geheit. Dës waren awer net explodéiert.

Déi zwee presuméiert Täter si Papp a Bouf. De 50 Joer ale Sajid Akram gouf beim Attentat vun der Police erschoss, de 24 Joer alen Naveed huet schwéier blesséiert iwwerlieft. Hie gouf e Méindeg aus dem Spidol an e Prisong verluecht. Géint hie gëtt wéinst Terrorismus a 15-fache Mord ermëttelt.

Den australesche Premier Albanese huet sech bei der jiddescher Communautéit an Australien entschëllegt. “Als Premierminister spieren ech d’Laascht vun der Responsabilitéit fir eng grujeleg Dot, déi wärend menger Amtszäit geschitt ass, an ech bedaueren zudéifst, wat déi jiddesch Communautéit an eis Natioun am Ganzen erlieft hunn”, huet den Albanese erkläert. Seng Regierung géing sech “all Dag dofir asetzen, déi jiddesch Australier ze schützen, hiert Grondrecht als Australier ze schützen, houfereg op hir Identitéit ze sinn, hire Glawen ze liewen, hir Kanner z’erzéien a sech esou ëmfaassend wéi méiglech an déi australesch Gesellschaft anzebréngen”.

Premierminister Albanese entschëllegt sech bei der jiddescher Communautéit
Nom Attentat um Bondi Beach zu Sydney betount den australesche Premier, datt een déi jiddesch Australier schütze wäert.


Weider Artikelen zum Theema:


Back to Top
CIM LOGO