Krich an der UkrainUkrain mellt 20.000 Krichsdoudeger a beklot katastrophal Situatioun zu Mariupol

RTL Lëtzebuerg
An der Hafestad kämpfen d'Leit weider ëm d'Iwwerliewen. Déi humanitär Lag wär weiderhi katastrophal, sou den ukraineschen Ausseministère.
© Ukrinform/AFP/Dmytro Smolienko

Dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj no sinn zanter dem Ufank vum Krich “ronn” 20.000 Mënschen ëm d’Liewe komm. De Vereenten Natiounen no si knapp 3,9 Millioune Mënschen aus der Ukrain geflücht. Weider 6,5 Millioune Mënsche sinn deemno bannent dem Land op der Flucht.

De russesche Militär huet d’Loftattacke géint ukrainesch Stied och an der Nuecht op e Méindeg weidergefouert. Ukrainesche Medien no goufen ënnert anerem Kiew, Luzk, Riwne a Charkiw vun enger Partie schwéieren Explosioune getraff. Zu Luzk am Nordweste vun der Ukrain gouf e Pëtrolsdepot getraff. Virop war an alle Regioune vum Land de Loftalarm ausgeléist ginn.

D’ukrainesch Regierung wërft de Russen eng “onmënschlech Taktik” vir. Dozou gehéieren déi “partiell oder komplett Blockad vun humanitäre Korridoren” an “d’Blockad vun de belagerte Stied”, huet de President Selenskyj op Twitter geschriwwen. Donieft setzt Russland d’Rakéitenattacke géint ukrainesch Stied weider. D’Hafestad Mariupol géing mat “Bommenteppecher” agedeckt ginn.

Ukrainesch Truppen hätte mat hire Géigenattacken um Sonndeg russesch Zaldoten aus enger Partie Géigende kënne verdrängen, schreift den ukrainesche regionale Militärchef op Telegram. Et géing een deemno d’Russen a Richtung Grenz zréckdreiwen. Och bei Kiew gouf et der Arméi no Succès. D’Informatioune loosse sech awer net onofhängeg iwwerpréiwen.

Wéi d’ukrainesch Arméi mellt, géing Russland d’Rakéiten- a Loftattacken op ukrainesch Truppen a militäresch Infrastrukture weiderféieren. De russesche Militär hätt hir Ofschossrampen a Belarus mat neie Projektillen versuergt, fir weider Rakéitenattacken ze preparéieren. D’Rakéite wiere fir déi bei Kalinkawitschy opgestallten Unitéite mam “Iskander-Waffesystem” geduecht. Dëse System ass eng mobil Ofschossbasis, déi souwuel ballistesch Kuerzstreckerakéite wéi och Marschfluchkierper ofschéisse kann.

Wéi d’ukrainesch Vize-Regierungscheffin um Sonndeg op Telegram gemellt hat, wieren zu Tschernobyl grouss Bränn ausgebrach, déi seriö Suitte kéinten hunn. Wéinst de russeschen Truppen wier et allerdéngs den Ament net méiglech, “d’Bränn komplett ze kontrolléieren an ze läschen”. D’International Atomenergieagence IAEA huet e Sonndeg matgedeelt, datt d’Sécherheetslag an den ukrainesche Kärkraaftwierker onverännert wier. Si haten d’lescht Woch festgestallt, dass d’Bëschbränn an der Géigend vun Tschernobyl kee gréissere radiologesche Risk duerstellen. Um Méindegmoie koum vum Buergermeeschter dann d’Meldung, datt d’russesch Truppen, déi d’Atomkraaftwierk de Weekend ageholl haten, nees ofgezu goufen. Si hätten “hir Aarbecht ofgeschloss” a wiere fortgaangen.

Den US-President Joe Biden dementéiert antëscht, datt hie bei senger Ried iwwert de Krich an der Ukrain d’Ofsetze vum russesche President gefuerdert hätt. Eng Reporterin hat gefrot, ob den Joe Biden e Regimewiessel gefuerdert hätt, wouropshin den US-President mat “Nee” geäntwert huet. Dat nodeems hien de Putin e Samschdeg en “Diktator” genannt a gesot, “Ëm Gottes wëllen, dëse Mann kann net un der Muecht bleiwen”. D’Wäisst Haus hat scho kuerz drop betount, datt et keen Opruff fir d’Stierze vum russesche President gewiescht wier.

Vun e Méindeg bis e Mëttwoch ginn an der Tierkei Gespréicher iwwert eng méiglech Wafferou gefouert. Op Initiativ vun der tierkescher Regierung gesi sech d’Negociateure vu Kiew a Moskau zu Istanbul. Eng vun de russesche Fuerderungen ass jo eng zukünfteg Neutralitéit vun der Ukrain, an doriwwer géif ee mat sech schwätze loossen, sot de President Selensykyi op d’mannst an Interviewe mat onofhängege russesche Medien. Eng Decisioun kéint awer egal wéi just duerch e Referendum vum ukrainesche Vollek gutt geheescht ginn. D’Souveränitéit vun der Ukrain an déi territorial Integritéit missten awer bestoe bleiwen – do géif een net mat sech schwätze loossen. Suerge mécht iwwerdeems weiderhin d’Belagerung an d’Zerstéieren vu Mariupol. Eng 100.000 Ziviliste wieren do weiderhi blockéiert an humanitär Hëllef kéint net an d’Stad eran, well d’Hëllefsliwwerunge bombardéiert géife ginn.

De franséische President Macron sot um Sonndeg den Owend , dass hien e Méindeg oder en Dënschdeg mam Vladimir Putin wëll schwätzen, fir hien ze froen, d’Attacken op d’Stad fir 48 Stonnen auszesetzen, sou dass eng Evakuatiouns-Aktioun kéint starten.

D’Europäesch Unioun riskéiert wéinst der riseger Flüchtlingswell vun Ukrainer en neie Sträit iwwert d’Verdeele vun deene Leit, déi hei Schutz sichen. D’Innen- an Immigratiounsministere vun de 27 Memberlänner beroden zu Bréissel iwwert dat weidert Virgoen. Däitschland beispillsweis pocht op e Quote-System. Sou ee gouf awer schonns vun der EU-Kommissioun refuséiert. Zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich hu méi wéi 3,8 Milliounen Leit hir Heemecht verlooss. Eleng a Polen sinn zwou Millioune Refugiéen ukomm. Warschau seet sech mëttlerweil awer net méi capabel, déi enorm Laascht ze stemmen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO