41 Uertschafte befreitUkrain mellt Réckeruewerung, Russland Réckzuch

RTL Lëtzebuerg
Eegenen Aussoen no huet d'Ukrain ronderëm d'Stad Cherson 41 Uertschaften zeréckeruewert.
© AFP Archivbild

Russland huet erkläert, sech op Positiounen um lénken Ufer vum Floss Dnipro zeréckgezunn ze hunn. Deemno récken déi ukrainesch Truppen ëmmer méi an de Süde vum Land vir, zanter dem 1. Oktober wieren 41 Uertschaften zeréckeruewert ginn, seet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. Iwwerall kéint een elo gesinn, dass den nationale Fändel nees opgehaange gëtt.

Ukrainesch Zaldoten, déi sech schonn um Bord vun der Stad befannen, goufe vun der Bevëlkerung mat Freed begréisst an ëmäerbelt, wéi een op weidere Videoe ka gesinn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO