Sténkfanger kënnt gutt unUkrainer räisse sech ëm Krichstimber

RTL Lëtzebuerg
Et ass ee Bild, dat de Kampfgeescht a Courage vu villen Ukrainer erëmgëtt. Bannent kierzter Zäit gouf den Timber zu engem Sammlerstéck.

Virum Postgebai zu Kiew stoungen d’Awunner Schlaang, fir ee vun den Exemplairen ze kréien. Mat Bléck op dat russescht Krichsschëff “Moskwa”, dat dës Woch ënnergaangen ass, krut den Timber eng nei Bedeitung. D’Motiv selwer geet awer net op dëse Virfall zeréck, mä op de Krichsufank am Februar. Deemools hat en ukraineschen Zaldot op enger klenger Schlaangeninsel engem Schëff zougeruff: “Russescht Krichsschëff, an d’Hell mat dir!”. E Funksproch, dee ronderëm d’Welt gaangen ass an zum Symbol vum Widderstand gouf.

D’Motiv vun dësem Timber kënnt esou gutt bei den Ukrainer un, datt och den Online-Shop vun der Post e Freideg iwwerlaascht war.

Mëttlerweil ass den 32 Joer alen Zaldot Roman Hrybow, vun deem de Sproch komm ass, zu engem richtege Volleksheld ginn. Am ganze Land fënnt een zanterhier Plakater mat senge Wierder drop. Et ginn esouguer T-Shirte mam Sproch drop ze kafen.

Interessant ass dëse Krichstimber net nëmme fir Ukrainer, mä och fir Philatelisten aus der ganzer Welt. Zwou verschidde Versiounen huet d’Post erausbruecht. Déi éischt Enveloppen, op déi dës Timbere gepecht goufen, goufe vum Roman Hrybow a vum Postchef Ihor Smyljanskyj an der Haaptstad Kiew signéiert. “Wéi mir den Timber entworf haten, wousste mir net, wéi dës Episod ausgoe géing, awer mir si frou doriwwer”, sou de Generaldirekter vun der Post géintiwwer AFP. E Freideg de Mëtteg waren d’Timberen ausverkaaft. Et wollt een der méi hierstellen, awer déi russesch Loftattacken op Kiew hätten “de Betrib vun der Fabrick gestéiert a mir konnten net déi geplangte Quantitéit drécken”.

Esouguer den ukrainesche President Selenskyj huet op enger Foto mat dësem Timber poséiert.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO