
Russland stéisst an der Ukrain, wéi et ausgesäit, op méi Widderstand wéi erwaart. Déi ukrainesch Arméi huet eegenen Aussoen no eng Attack vun der russescher Arméi op eng wichteg Positioun ofgewiert an e russeschen Transportfliger am Süde vu Kiew ofgeschoss. Widderstand forméiert sech och an der Zivilpopulatioun, déi e Freideg zu Kiew mat Waffe equipéiert gouf. All Mann tëscht 18 a 60 Joer ass opgeruff, an der Ukrain ze bleiwen an ze kämpfen.
An engem weideren Message um Samschdeg de Moie rifft de Wolodymyr Selenskyj d’Ukrainer dozou op, Kiew weider ze verdeedegen. Hie wier nach ëmmer do, sou de President op Facebook.
An de leschte Stonne goufen nei Explosiounen a lokal Affrontementer an an ëm déi ukrainesch Haaptstad gemellt. Wéi et heescht, géifen d’Russen ënnert anerem probéieren, e Kraaftwierk unzegräifen. Hefteg Affrontementer soll et eng 40 Kilometer am Süden vu Kiew ginn sinn, wou eng Base vun der Loftwaff lokaliséiert ass, déi déi russesch Arméi mat Parachutisten eruewere wéilt.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet e Freideg den Owend erkläert, hie géif an den nächste Stonnen mat enger grousser Attack op Kiew rechnen. De President reprochéiert Moskau och, Spillschoulen an aner zivil Infrastrukturen unzegräifen. Observateure si sech eens, datt Moskau et op de Regimm zu Kiew ofgesinn huet, fir dësen ofzesetzen. De Wladimir Putin huet e Samschdeg an enger Usproch gesot, an der Ukrain séiz eng Regierung vun “Drogenofhängegen an Neonazien”.
No der Europäescher Unioun a Groussbritannien huet och d’amerikanesch Regierung, wéi annoncéiert, Sanktioune géint de russesche President an eng Rei Ministeren decidéiert. Betraff sinn ënnert anerem den Aussen- an de Verdeedegungsminister. D’Verméige vun de Betraffenen an den USA gëtt elo agefruer. Och Kanada an Australien wëlle wéinst dem Ukrainkrich Sanktioune géint de Wladimir Putin an de Sergej Lawrow op de Wee bréngen. Si géifen déi gréisst Verantwortung hunn fir Dout an Zerstéierung an der Ukrain, sou de kanadesche Premier Justin Trudeau, dee sech och derfir ausgeschwat huet, Russland vum internationale Bezuelsystem Swift auszeschléissen. Europa huet sech bis ewell net dorobber gëeenegt kritt.
Weider Informatiounen an Detailer an eisem Livesticker zum Ukrain-Krich
Wéi erwaart, ass eng Resolutioun géint déi russesch Invasioun am UNO-Sécherheetsrot um Veto vu Russland gescheitert. Westlech Diplomaten nennen d’Ofstëmmung e Freideg den Owend Lokalzäit nawell e Succès, fir Russland international z’isoléieren an e Käil tëscht Moskau a Peking ze dreiwen. China, soss en enken UN-Partner vun de Russen, huet sech beim Vott enthal, grad wéi Indien an d’Vereenegt Arabesch Emirater. D’Stëmmverhale vu China gëtt als virsiichteg Distanzéierung géintiwwer Moskau gewäert. De chineseschen UN-Ambassadeur Zhang Jun sot, China géif gleewen, datt d’Souveränitéit an déi territorial Integritéit vun alle Staate misst respektéiert ginn. An engems huet hien awer och d’Nato kritiséiert a Moskau legitim Sécherheetsinteressien zougestanen.
Fir Russland ofzeschrecken, baut d’Nato hir Militärpresenz op der sougenannter Ostflank däitlech aus. D’Alliéiert hunn hir Verdeedegungspläng fir Osteuropa aktivéiert. Dem Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg no ginn dausenden Zaldoten vun der Agrëffstrupp Nato Response Force an iwwer 100 Kampfjetten en Aläerte gesat. D’Nato wëll domadder verhënneren, datt de Krich vun der Ukrain “eriwwerschwappt”, wéi de Jens Stoltenberg et formuléiert huet. Russland misst verstoen, datt d’Ukrain en héich respektéierte Partner ass, deen ënnerstëtzt gëtt. Bei de Bündnispartner géif et awer nach emol anescht ausgesinn.

Ungarn offréiert sech als Mediateur, Verhandlungen tëscht der Ukrain a Russland ze leeden. E Freideg hat de Kreml gesot, et wier ee bereet, eng Delegatioun fir Gespréicher op Minsk ze schécken. Kiew refuséiert awer de Belarus als Negociateur. Russesch Truppe waren ënnert anerem aus deem Land an d’Ukrain erakomm. Och d’EU-Memberland Ungarn huet ënnert dem Premier Viktor Orban gutt Relatioun zum Wladimir Putin gefleegt. De russeschen Amarsch huet Budapest allerdéngs verurteelt.
Zanter der russescher Invasioun sinn dausenden Ukrainer an d’Nopeschlänner geflücht. Si sinn zum Beispill a Polen bei Famill oder an Hoteller ënnerkomm. Wéi Reporter mellen, wiere Männer kuerz virun der Grenz aus den Zich gerappt ginn, fir ze verhënneren, datt se d’Land verloossen. D’Vereenten Natiounen rechnen am Ganzen mat bis zu 4 Millioune Flüchtlingen.
D’Ukrain huet beim Internationale Wärungsfong FMI Finanznouthëllef ugefrot. Zousätzlech zum 2,2 Milliarden Hëllefsprogramm, deen d’Land schonn an Usproch hëlt.

