Zuel vun den Doudesaffer op 14 korrigéiertUkraineschen Inneminister an Helikopter-Crash bei Kiew ëmkomm

RTL Lëtzebuerg
Ënnert de Mënschen, déi beim Tëschefall ëm d'Liewe komm sinn, hu sech den ukraineschen Inneminister, de Vize-Inneminister an e Staatssekretär befonnt.
Helikopter-Crash bei Kiew
Ënnert de Mënschen, déi beim Tëschefall ëm d’Liewe komm sinn, hu sech den ukraineschen Inneminister, de Vize-Inneminister an e Staatssekretär befonnt.

Nodeems e Regierungshelikopter an der Géigend vun enger Spillschoul an der klenger Stad Browary eng 20 Kilometer ëstlech vu Kiew erofgefall ass, hunn d’ukrainesch Autoritéiten d’Zuel vun den Doudesaffer op 14 korrigéiert. Dat nodeems am Laf vum Dag als éischt vu 16 an duerno vun 18 Doudege geschwat gouf. Nieft dem Inneminister Denys Monastyrskyj sinn och de Vize-Inneminister Jehwhenij Jenin an e Staatssekretär ëmkomm, präziséiert d’Police. Eng weider 29 Persoune si blesséiert an an d’Spidol ageliwwert ginn, dorënner 15 Kanner.

Wisou den Helikopter vum Typ Airbus H225 erofgefall ass a firwat d’Féierung aus dem Inneministère ënnerwee war, ass aktuell nach net bekannt. Berichter no gouf et zum Zäitpunkt vum Crash vill Niwwel op der Plaz. Wéi et heescht, soll de Pilot vun der Maschinn virum Stuerz en Héichhaus getéckt hunn. Eng Kommissioun soll d’Ursaachen elo ermëttelen.

Déi europäesch Fluchsécherheetsagence hat géint den Airbus H225 am Joer 2016 wéinst Sécherheetsbedenken ee virleefegt Fluchverbuet verhaangen. Schonn de Virgänger-Modell war an eng Rei Accidenter verwéckelt.

D’Spillschoul, an där och scho Kanner a Personal waren, gouf nom Virfall komplett evakuéiert. A Videoen, déi an de soziale Medie verbreet goufen, ass ze gesinn, wéi et op der Plaz ronderëm de Crash groussflächeg brennt.

Den 42 Joer ale Monastyrskyj war am Joer 2021 zum Inneminister ernannt ginn. Nieft sengem Vize-Minister a Staatssekretär sollen nach weider héich Beamten aus dem Inneministère ënnert den Doudesaffer sinn.

Den ukrainesche President Selenskyj huet vun enger “fuerchtbarer Tragedie” geschwat, déi eng “onbeschreiflech Péng” ausgeléist hätt. Och den EU-Rotspresident Charles Michel huet säi Bäileed ausgesprach.

Video vu Reuters
Bei Kiew ass en Helikopter erofgefall. Op d’mannst 16 Persounen, dorënner den Inneminister Monastyrskyj an zwee Kanner, sinn dobäi ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO